Impfung disponibelFäll vu "Bloem Houscht" huelen zu Lëtzebuerg zou

RTL Lëtzebuerg
D'Fäll vu Bloem Houscht - op Däitsch "Keuchhusten", respektiv "Coqueluche" op Franséisch - sinn zanter dem Ufank vum Joer ongewéinlech an d'Luucht gaangen.
© Screenshot Santé

De bloen Houscht wier et nach ëmmer ginn, esou de President vun der Associatioun vun de Kannerdoktere Serge Allard. Datt et awer elo zanter ugangs vum Joer 21 nei Fäll zu Lëtzebuerg gëtt, wier ongewéinlech. D’lescht Joer gouf et der am Ganzen 18.

© Screenshot Santé

Wou dat elo hierkënnt, kéint een net soen. Den Ament gëtt een ënnert anerem mat 5 Joer geimpft, an eng weider Kéier mat 15 Joer. Den Dr. Serge Allard: “Do hutt der e Sputt vun 10 Joer, wou d’Immunitéit oder d’Protektioun liicht ofhëlt all Joer, fir dann no 5 Joer erëm ganz schwaach ze sinn.”

Den Houscht kann dräi Méint laang undaueren: “An dat gi wierklech ganz violent Houschtattacken, wou souguer grouss Leit sech kënnen d’Rëppe briechen.” Tëscht de Krise wier alles am Prinzip ganz normal. E puermol den Dag hätt ee fatzeg Houschattacken.

Bei klenge Kanner wieren typesch Symptomer am Ufank änlech wéi bei engem Schnapp mat Féiwer a schwéieren Houschtufäll, wat kéint dozou féieren, datt ee sech misst iwwerginn oder rout oder blo am Gesiicht gëtt, sou d’Santé.

“D’Leit kommen natierlech fir all Houscht bei den Dokter. An dat do ass am Fong geholl eppes, fir vun de Professionellen ze erkennen, datt dat elo kee ganz normalen Houscht ass”, sou de Kannerdokter Serge Allard.

De bloen Houscht ass eng Krankheet, déi obligatoresch deklaréiert muss ginn, souwuel vun de Laboe wéi vun den Dokteren. D’Direktioun vun der Santé hätt elo recommandéiert, fir vläicht déi Vaccinen, déi een no zéng Joer gemaach hätt, éischter no fënnef Joer schonn ze maachen.

Eng weider Recommandatioun wier ronderëm vulnerabel Persounen, sougenannte Cocooning ze maachen, dat heescht zum Beispill, dass d’Eltere vu Puppelcher sech impfen, fir hir Kanner ze protegéieren.

Back to Top
CIM LOGO