Schratt fir SchrattBoisson Heintz a Munhowen fusionéieren

Claudia Kollwelter
Nodeems dës Nouvelle scho viru puer Wochen an der Press zirkuléiert ass, ass Munhowen zanter e Mëttwoch offiziell Proprietär vu Boisson Heintz.
Vu lénks no riets: Jacques Briot (Directeur commercial vu Munhowen), Isabelle Lentz (CEO Munhowen), Oliver Mausen (Directeur commercial Heintz), Roland Heintz (Directeur Heintz).
Vu lénks no riets: Jacques Briot (Directeur commercial vu Munhowen), Isabelle Lentz (CEO Munhowen), Oliver Mausen (Directeur commercial Heintz), Roland Heintz (Directeur Heintz).
© Claudia Kollwelter / RTL

Déi zwee Familljebetriber, déi Nummer 1 an 2 vun den Depositairen zu Lëtzebuerg sinn, hunn e Freideg de Moien an der Chambre de Commerce Erklärungen an Detailer zu der Fusioun ginn.

Fusioun Munhowen & Boissons Heintz / Rep. Claudia Kollwelter

An der Famill Heintz war keen direkt do, deen de Betrib konnt iwwerhuelen. Doropshin huet Munhowen d’Initiativ ergraff. D’Fusioun soll elo Schratt fir Schratt geschéien, erkläert d’CEO vu Munhowen, Isabelle Lentz.

“Mir mussen elo mol konkret Analyse maachen a kucken, wou mer déi verschidde Synergië kënne maachen. Den Depot Heintz ass méi grouss, wéi eisen am Süden. Mir musse kucken, wéi mer alles organiséieren. Op mer zwee Depote maachen, fir den Norden a fir de Süden oder op mer musse plënneren.”

Et ass awer net esou, datt aus zwou Entreprisen eng gëtt, betount den Oliver Mausen, kommerziellen Direkter vu Boissons Heintz:

“D’Clientë behalen och hir Kontakter. Et gëtt net einfach alles zesumme geklaakt. Et war eis wichteg, datt déi zwee Betriber bestoe bleiwen.”

D’Zil wier et, déi Lëtzebuergesch Betriber zesummen ze halen a sech natierlech um Lëtzebuerger Marché staark ze maachen, mee och doriwwer eraus:

“An der Groussregioun sinn Acteuren, déi zéngmol méi grouss si wéi mir. Mir wëllen eis verstäerken, well wann déi enges Daags op Lëtzebuerg kéimen, hätte mer Problemer.”

Ënnert anerem um franséische Marché wëll ee sech weider ausbreeden, huet d’Isabelle Lentz erkläert. Hei am Land wier et iwwerdeems virun allem de Service mam Client, dee wichteg wier, well ee mat de Präisser, déi d’Supermarchéeë bidden, einfach net mathale kéint. Dës géifen d’Produite méi bëlleg verkafen, wéi se Munhowen am Akaf kaschten:

“Wa mir mat de grousse Supermarchéen negociéieren, soe si: Ech kafen de Béier zu deem Präis an a wann ech en net fir dee Präis kréien, kommt dir net an de Supermarché eran. An do hu mir näischt ze soen!”

Iwwer 320 Leit schaffen aktuell fir déi zwee Betriber an et géif sécherlech an Zukunft nach weider rekrutéiert ginn, huet d’CEO vu Munhowen nach ënnerstrach.

Ufanks dës Joers hat de gréngen Deputéierte François Bausch iwwregens d’Fro opgeworf, ob d’Fusioun net wéinst Konkurrenzreegele problematesch wier. Deen neie Betrib hätt quasi de Monopol elo, wat ënnert anerem e Risiko vu méi héije Präisser duerstellt.

2019 hat d’Konkurrenzautoritéit och Bedenken ausgedréckt. En neit Gesetz iwwert d’Kontroll vu Fusiounen ass awer nach net an der Chamber gestëmmt ginn.

Back to Top
CIM LOGO