Lëtzebuerger Baueregewerkschaften"Wann et keng Bauere méi ginn, bleiwen d'Regaler eidel"

RTL Lëtzebuerg
Esou iwwerschreift de Lëtzebuerger Bauereverband an d'Lëtzebuerger Baueren-Allianz e gemeinsame Communiqué am Kader vun de Protester an den Nopeschlänner.
© AFP Symbolbild

Béid Gewerkschafte géife sech solidaresch weise mat de Fuerderunge vun hire belsche Kolleegen. Och hei am Land wieren d’Bauere rosen iwwert verschidden Entwécklungen, wéi zum Beispill datt d’Bürokratie ëmmer weider zouhëlt, Aschränkungen an der Produktioun a gläichzäiteg Dumping-Präisser bei importéierte Produiten aus Drëttstaaten.

D’Gewerkschafte begréissen awer, datt de Premier Luc Frieden d’Suergen erkannt hätt an datt fir en Donneschdeg eng Entrevue geplangt ass. Wéinst der Bereetschaft vun der neier Regierung, d’Leit aus dem Secteur ze héieren, och mam Landwirtschaftsdësch de 4. Mäerz, wier et an den Ae vum Bauereverband an der Baueren-Allianz deemno absurd, ze protestéieren.

Liest heizou och:

Camion 24 Stonnen “als Geisel geholl": Eidel Regaler a verschiddene Supermarchéen am Land

PDF: Communiqué vun de Baueregewerkschaften

Back to Top
CIM LOGO