Zesumme mat hire Kolleegen aus der Groussregioun op der Stäreplaz zu Schengen am Dräi-Länner-Eck hu si mat enger Maniff d’Grenz blockéiert.
De Message war fir Bréissel geduecht: D’EU géing artifiziell Grenze kreéieren an dofir fuerderen déi Jonk eng eenheetlech a fair europäesch Agrarpolitik. Et missten déi selwecht Reegelen a Konditioune fir d’Baueren a ganz Europa gëllen, déi raisonnabel an ëmsetzbar wieren.
Importer missten déi selwecht Standarden hunn, ewéi lokal Produkter, d’Agrarpolitik sollt net just op siwe Joer, mee laangfristeg ausgeluecht sinn. Jonk Bauere bräichten equitabel Revenuen an d’Ëmwelt dierft net op Käschte vun de Revenue goen.
Eng 200 Trakteren hate sech versammelt, si stoungen ënnert anerem op der Bréck bei Schengen. Vun Ultimatum wollten d’Jonk Baueren net schwätzen. Si wieren awer bereet mat op Bréissel ze fueren, wann net op se gelauschtert gëtt.
D’Landjugend wéilt kee Chaos provozéieren. D’Protester géife sech explizitt net géint d’Lëtzebuerger Regierung riichten, esou d’Associatioun Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren. Ëmmerhi stéing een aktuell an engem gudden Dialog mat der Landwirtschaftsministesch.
“Zu Lëtzebuerg hu mir national e ganz gudden Dialog mat der Politik am Moment. Mir hate jo och nei Walen, mir hunn nei Poste kritt. Do si mer ganz zouversiichtlech, datt mer d’Problemer an de Grëff kréien. Awer op der EU-Basis si mir genau esou betraff, wéi all déi aner Memberlänner och. Dofir hu mir eis hei bedeelegt”, sou ee vun de ville Baueren um Protest.
Hei eng weider Ausso vun engem Participant vun der Maniff: “Mir hu rise Konkurrenzproblemer duerch importéiert Wuere vun Drëttlänner an d’EU eran, déi net déi selwecht Standarden hunn. Dat ass ee Punkt, wat mer fuerderen, dass Produiten, déi hei hinner kommen, déi selwecht Standarden hunn an eis an deem Sënn keng Konkurrenz maachen.”
D’Baueregewerkschaften haten e Sonndeg zesumme matgedeelt, an hiren Ae wäre Protester absurd, well de Premier Luc Frieden d’lescht Woch jo eng Entrevue mat de Vertrieder vun der Landwirtschaft annoncéiert hat. Déi ass en Donneschdeg.