Wéi den LCGB en Donneschdeg matdeelt, hätt den Exekutivbüro decidéiert, eng deementspriechend Prozedur ze lancéieren. D’Behuelen an déi rezent Aussoe vum François Georges wieren net kompatibel mat de Wäerter an dem Engagement vum LCGB a wieren der Aarbecht vun enger Persoun, déi an der Sozialwirtschaft schafft, net wierdeg.
De François Georges war d’lescht Woch mat Effet immédiat als Direkter vu ProActif entlooss ginn, esou steet am Schreiwes vum Maître Bauler ervir, wéinst Aggressiounen a Feelverhale géigeniwwer dem President Norbert Conter. De Maître Bauler wéi och d’Duechter vum President si Member am Verwaltungsrot.