Nieft dem Nicolas Schmit wäert och d'Paulette Lenert net op der EU-Lëscht vun der LSAP figuréieren.

Dës RTL-Informatioun huet eis d'fréier Vize-Premierministesch op Nofro hi confirméiert. Och den Nicolas Schmit wäert fir d'Europawalen net op der LSAP-Lëscht stoen, sot de Lëtzebuerger EU-Kommissär um Méindegmoien am RTL-Interview.

Deemno geet de Marc Angel als Lëtzebuerger Spëtzekandidat an d'EU-Wale vum 9. Juni eran. D'Paulette Lenert hat et bis ewell oppe gelooss, ob si fir e Posten am Europaparlament kandidéiere wäert.

2018 war d'Paulette Lenert an d'Regierung komm - annerhalleft Joer laang war si un der Säit vum Premier Bettel Vize-Staatsminister. Nodeems d'LSAP net méi an d'Regierung koum, ass d'Ost-Politikerin zanter November zejoert an der LSAP-Fraktioun aktiv.

Den LSAP-Kongress ass iwwerdeems op Ellesonndeg de 17. Mäerz, wou dann och d'Parteispëtzt wäert ëm ee Joer op hire Poste verlängert ginn. Op deem Datum gëtt och d'EU-Lëscht vun de Sozialisten ofgeseent.