"Ech wäert dem Marc Angel net am Wee stoen"
E Méindeg de Moie waren d'Europawalen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Ech wäert net op där nationaler Lëscht vun der LSAP sinn an dofir gëtt et och eng gutt Ursaach. D'Sozialisten hunn nämlech schonn en natierleche Kandidat". De Vize-President vum Europaparlament Marc Angel, dee bis ewell eng formidabel Aarbecht gemaach hätt, wäert déi Lëscht uféieren. "An ech wäert him do net am Wee stoen". Dat sot den Nicolas Schmit als eisen Invité vun der Redaktioun. Hie wier och net de Kandidat vun der LSAP, mä vun allen europäesche Sozialisten an déi wéilten hien och net am EU-Parlament gesinn, mä un der Spëtzt vun der Kommissioun oder eventuell an engem anere wichtege Rôle.
Nieft dem Marc Angel muss eng Fra stoen
Den Nicolas Schmit wier och der Meenung, dass nieft dem Marc Angel eng Fra misst sinn. Wien dat soll sinn, wollt de EU-Kommissär allerdéngs net verroden. D'Paulette Lenert wäert et op alle Fall net sinn. Déi fréier Vize-Premierministesch huet op RTL-Nofro confirméiert, dass si net an d'Europawale wäert matgoen.
Den Nicolas Schmit ass donieft och ganz staark dovunner iwwerzeegt, dass d'LSAP e vill bessere Score wäert maachen an och een zweete Sëtz ka gewannen.
D'Decisioun, fir net mat op d'LSAP-Lëscht ze goen, hätt och näischt mat sengem Walresultat vun 2019 ze dinn, sou den Nicolas Schmit op Nofro. Deemools war den LSAP-Politiker Zéngtgewielte mat 39.000 Stëmmen. Den deemools nach CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen war Zweetgewielte mat iwwer 62.000 Stëmmen. Déi Zuele wieren e bësse verfälscht, well d'CSV nämlech däitlech méi Lëschtestëmme kritt hätt, wéi d'LSAP.
Fir wien entscheet sech de Premier Luc Frieden?
Am Fall, wou d'Sozialiste géingen e gudde Score maachen, stéing de Premier Luc Frieden virum Choix, entweder den Nicolas Schmit mat engem gudde Posten an der EU-Kommissioun op Bréissel ze schécken oder de Christophe Hansen, dee jo eigentlech vun der Regierung designéiert gouf, fir nächsten EU-Kommissär ze ginn. Hie wéilt net iwwer esou Froe spekuléieren, sou den Nicolas Schmit. Mä hie wéisst, dass de Luc Frieden e staarken Europäer wier an déi europäesch Dimensioun vun dem Prozess kéint novollzéien. "Dofir maachen ech dem Här Fridden do eng grouss Confiance", sou den Invité.
Politico titelt: "Nicolas who?"
An der internationaler Press konnt ee liesen, dass d'Nominatioun vum Nicolas Schmit am Fong de Beweis dofir wier, dass kee méi un de System vum Spëtzekandidat géing gleewen. De Sozialist wier nämlech net bekannt. De bekannten Online-Magazin fir EU-Politik "Politico" hat souguer getitelt "Nicolas who?". Dat léisst den EU-Kommissär awer net esou stoen. De Rôle vum Spëtzekandidat wier e ganz Speziellen a géing dem Ganzen eng europäesch Dimensioun ginn. Hien hätt sech déi lescht 5 Joer voll engagéiert, fir e méi soziaalt Europa an dat wier a ville Länner ukomm. De Mindestloun wier och net vergiess. A grad an Zäite vu groussen Ëmbréch wier déi sozial Dimensioun fundamental wichteg.
Den Nicolas Schmit fënnt de System vum Spëtzekandidat och net iwwerlieft, mä et géing eppes feelen. Hien géing hannert der Propos vum franséische President Macron stoen, fir op de Wee vun transnationale Lëschten ze goen.
Direktiv iwwer Plattform-Aarbecht
Och déi gescheitert europäesch Direktiv, déi d'Plattform-Aarbecht sollt reguléieren a vum Nicolas Schmit virun 2 Joer mat lancéiert gouf, war e Sujet e Méindeg de Moien am Interview. Déi belsch Presidence misst elo kucken, an där kuerzer Zäit, déi nach iwwreg bleift, wat se mam Dossier mécht. Hie wäert op alle Fall net opginn. Et géing nämlech drëm goe fir vill - haaptsächlech jonk - Leit besser ze protegéiere virun amerikanesche Multinationale wéi Uber, déi d'Prekaritéit zu hirem Businessmodell gemaach hätten.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.