De Service Impuls ass eng Ulafstell fir Jugendlecher a jonk Erwuessener, déi duerch de Konsum vu legalen oder illegale Substanzen opfälleg gi sinn.

30 Prozent vun de Lëtzebuerger Schüler tëscht 15 an 18 Joer hu schonn emol Cannabis gefëmmt. Dat ass quasi all Drëtten. Eng Zuel, déi der HBSC-Etüd no iwwert déi lescht Jore relativ stabel ass. Wat an dëser Altersklass allerdéngs tendenziell klamme géif, wier de reegelméissege Konsum. Dës Hausse hëlt een och bei Impuls wouer. D'Suchtberodung schafft enk mam Parquet zesummen an ass eng Ulafstell fir Jonker, déi duerch de Konsum vu legalen oder illegale Substanzen opfälleg gi sinn. Vue dass déi Mannerjäreg ënnert d'Jugendschutzgesetz falen, geet et net drëm, si ze bestrofen, mä hinnen ze hëllefen. Si bidde souwuel psychosozial wéi och therapeutesch Hëllef un, beroden déi Jonk, hir Elteren an och Institutiounen. "Fir mech war dat mega krass: Ech sinn dach keen Junkie. Ech di mech anstänneg un, ech gi schaffen, ech bezuele meng Rechnungen, ech hu keng Scholden. Ok ech drénken ebe gär, jo an?”

D'Sylvie war 24 Joer al, wéi si sech Hëllef bei Impuls gesicht huet. Virdrun huet si hiren Alkohol- an Drogekonsum net als problematesch wouergeholl. Dass Jonker sech op eegen Initiativ Hëllef bei Impuls sichen, ass allerdéngs éischter d'Ausnam. Déi meescht komme mat hinnen a Kontakt, well se beim illegale Consomméieren erwëscht goufen, sief et vun der Police, der Douane oder an der Schoul. No enger éischter Entrevue, déi am Fall vu Mannerjäregen zesumme mat den Eltere geschitt, gëtt decidéiert, wat fir de Jonken am meeschte Sënn mécht. Nieft psychoedukativen Aarbechtsgruppen an Eenzeltherapië bitt Impuls fir Jonker, bei deenen de Konsum eng ze grouss Plaz an hirem Liewen ageholl huet, och de sougenannten Option-Programm un. Heibäi handelt et sech ëm eng Kooperatioun mat ënnerschiddlechen internationale Strukturen, déi op den Entzuch bei Mannerjärege spezialiséiert sinn. Déi géif et esou bei eis am Land nämlech net, wéi d'Nora Vitali, Chef de Service Adjointe erkläert. Fir aus enger Sucht erauszekommen, ass et a laangen a stengege Wee, ëmsou méi wichteg wier et, ze interagéieren, ier Jonker an eng schwéier Sucht ofrutschen.

"Ech menge mir sinn eis bewosst, dass Drogen am Lycée eng Roll spillen", seet d'Stéphanie Muller, Coordinatrice vun der Prévention aux Addictions am LTL.

Nieft de psychoedukativen Aarbechtsgruppen, déi zur selektiver Präventioun zielen, ass och d'Preventiounsaarbecht an de Schoulen e Bausteen. Zanter dësem Schouljoer gëllt ee vun Impuls ausgeschaffte "Guide d'intervention" elo offiziell an all Lycée als Grondlag. En ass eng Aart Gebrauchsanweisung, déi festhält, wat ze maachen ass, wann e Jonken an der Schoul beim illegale Consomméiere vu Substanzen erwëscht gëtt. Op Basis vun deem Guide schafft all Lycée zesumme mat engem Agent de prévention vun Impuls an engem Aarbechtsgrupp eng fir hire Lycée spezifesch Grille aus.

”Virun dem Guide war et éischter sou: Do ass ganz individuell op sou Situatioune reagéiert ginn. Do ass et drop ukomm: Wien huet dee Jonke wou a wéi enger Situatioun erwëscht? Elo ass et sou, dass een do eng gemeinsam Linn kritt, déi erlaabt, dass et méi fair a méi transparent fir jiddereen ass.” Stéphanie Muller, Coordinatrice vun der Prévention aux Addictions am LTL.