Persoun no Déifstall wéinst internationalem Haftbefeel festgeholl

© RTL
E Méindeg de Mëtteg gouf der Police an engem Buttek an der Uewerstad en Déifstall gemellt.
Wéi béid verdächteg Persoune kuerz Zäit drop vun de Beamte fonnt a kontrolléiert goufen, huet sech erausgestallt, datt géint ee vun deenen Zwee en internationalen Haftbefeel virleie géing. De Parquet gouf doropshin informéiert, deen dann d'Festnam vun der verdächteger Persoun ugeuerdent huet. Hie gouf nach e Méindeg de Mëtteg virun den Untersuchungsriichter bruecht.
E weideren Déifstall gouf e Méindeg de Mëtteg dann nach um Kierchbierg gemellt. Déi verdächteg Persoun konnt vun der Police nach op der Plaz ugetraff ginn. Bei him goufen eng Rei geklaute Fläschen Alkohol séchergestallt. Op Uerder vum Parquet gouf d'Persoun festgeholl an en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter bruecht.
An der Rue du Fossé zu Esch-Uelzecht gouf dann e Méindeg den Owend een Auto ugehalen, deen en Afaartsschëld ignoréiert hat. Well de Chauffer kee Permis virweise konnt an donieft och eng geklaute Kreditkaart am Auto fonnt konnt ginn, gouf hien zesumme mam Bäifuerer um Policebüro weider méi genee ënnersicht. Beim Chauffer konnte Boergeld, Drogen an en Handy séchergestallt ginn, sou wéi eng weider geklaute Kreditkaart. Duerch weider Ermëttlungen ass hei erauskomm, dass dës Kreditkaarten am Kontext vun enger Bedruchsmasch genotzt goufen, bei där d'Affer vu presuméierte LuxTrust-Mataarbechter kontaktéiert goufen. De Parquet huet eng Hausduerchsuchung ugeuerdent, wou spéider zwee weider Handye saiséiert gi sinn. Bei der Iwwerpréiwung vum Bäifuerer ass donieft erauskomm, datt géint hien en Haftbefeel virlouch. Hie gouf an de Centre pénitentaire d'Uerschterhaff op Suessem bruecht.
E Méindeg goufen der Police dann nach eng Rei Abréch an Autoe gemellt. Sou zum Beispill op engem Parking an der Rue de la Gare zu Leideleng, wou d'Täter d'Fënsterscheif ageschloen haten an am Auto no Wäertgéigestänn gesicht hunn. Si hunn dobäi ënner anerem Boergeld an ee Laptop matgoe gelooss. Méi spéit am Dag gouf et dann nach e weideren Déifstall an der Rue de Cents an der Stad. Hei hunn d'Täter ee Rucksak geklaut. A béide Fäll goufen Ermëttlungen ageleet.