De Gilles Roth huet an der Chamber de Point vun de Staatsfinanze gemaach

© RTL Archiv
De Finanzminister Roth huet en Dënschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun den aktuelle Stand vun de Staatsfinanzen duergeluecht.
Op den 30. September huet den Zentralstaat Recettë vun 21,7 Milliarden € verbucht. Dat ware knapp 590 Milliounen méi ewéi zum selwechten Zäitpunkt zejoert. 10,7 Milliarde goufen eleng um Steieramt registréiert. 5,9 Milliarde sinn et um Enregistrement respektiv bei der TVA.
D’Depensë beim Zentralstaat louchen Enn vum leschte Mount bei 22,3 Milliarden. Och dat ass eng Hausse vun 1,6 Milliarden am Joresverglach. Et bleift deemno e Solde vu Minus 521 Milliounen.
Dat wier eppes, wat ee virausgesinn hätt, fir d’Investissementer op engem héijen Niveau ze halen, fir d’Land fir d’Zukunft prett ze maachen, gëtt de Finanzminister an engem Communiqué zitéiert.
E Mëttwochmoien um 9 Auer ass dann den Depot vum Budget.