Well en als net méi sécher genuch gëllt, wäert een den Token vu LuxTrust Enn des Joers net méi benotze kënnen, fir sech online z'identifizéieren.

De Problem vum Phishing, bei deem Onéierlecher versichen, u LuxTrust-Donnéeën ze kommen, ass jo reegelméisseg Thema an eise Reportagen. Mat senge 16 Joer ass den Token elo e schwaacht Element. D'Anne Reuland, Juristin bei LuxTrust, erkläert: "Mir kënnen net bei Apparater vun 2008 stoe bleiwen. Mir fanne ganz kloer, dass et Zäit ass, den Token leider lues a lues ofzeschafen."

Vum 31. Dezember dëst Joer u kann een den Token net méi benotzen. Als physeschen Apparat existéiert dann nach de LuxTrust-Scan, deen déi selwecht technesch Sécherheet huet ewéi d'Applikatioun um Smartphone. Deen hunn déi meescht Leit jo ëmmer dobäi. Zousätzlech Protektioun well ee sech mat Pin-Coden oder Gesiichtserkennung identifizéiere muss. A mat der App kritt ee virun all Iwwerweisung oder Ënnerschrëft nach wichteg Informatiounen, esou d'Anne Reuland: "Wann Dir eng wichteg Transaktioun, Iech identifizéieren, oder eppes ënnerschreiwe wëllt, da kritt Dir an Ärer App eng Push-Noriicht. Da gitt Dir doriwwer informéiert, dass Dir amgaange sidd, e spezifesche Montant un eng Persoun z'iwwerweisen. Dat ass eng immens wichteg Informatioun, déi Iech erlaabt ze kontrolléieren, wat Dir grad maacht. Esou kënnt Dir Phishing-Versich identifizéieren an Dir faalt net drop eran."

No an no akzeptéieren d'Partner vu LuxTrust – ewéi d'Banke mä och de staatlechen Online-Guichet – den Token net méi. Antëscht notzen dräi Véierels vun de 670.000 Clienten d'App. Déi aner bréichte sech keng Suergen ze maachen. Et gëtt en Helpdesk vu LuxTrust, esou d'Anne Reuland: "An all eis Partner sinn och do an hunn och hir Servicer, déi den Notzer gären hëllefen."

Wéi een den Token entsuerge soll, misst nach gekläert ginn. Wéinst der Batterie ass déi normal Poubelle net déi richteg Plaz.