Parquet klasséiert DossierEt gëtt keng juristesch Suitten an der Causa Meisch

RTL Lëtzebuerg
Den Educatiouns- a Logementsminister krut jo vun enger Zeie Gewalt géigeniwwer enger Fra an engem Restaurant an enger Stad virgeworf.

Bei där Fra handelt et sech ëm eng héich Beamtin aus dem Claude Meisch sengem Educatiounsministère.

Ewéi d’Justiz e Méindeg de Moie matgedeelt huet, hätt de Parquet keng Elementer ginn, déi op eng penal Infraktioun – also eng Strofdot - hindeiten. Den Dossier gouf deemno klasséiert.

De Claude Meisch hat jo vun engem “heftegen an deels och emotionale” Gespréich mat senger Beamtin am Restaurant geschwat, mee all Form vun Aggressioun dementéiert. Och d’Beamtin huet dat dementéiert a béid soten, se géingen iwwert eng Plainte wéinst Diffamatioun géint d’Zeien nodenken.

De Premier Luc Frieden hat, nodeems d’Affär bekannt war, all seng Regierungsmemberen drun erënnert, ëmmer “exemplaresch” ze sinn. Aus der Oppositioun eraus hu just déi Lénk vun engem Abus de Pouvoir vum Claude Meisch geschwat.

Offiziellt Schreiwes vum Parquet

Communiqué du parquet de Luxembourg en relation avec un incident le 5 janvier 2024
(26.02.2024)

En date du 5 janvier 2024 la police fut appelée dans le cadre d’un incident entre deux personnes dans un restaurant rue Chimay à Luxembourg-Ville.

Selon les déclarations d’un témoin, l’une des personnes concernées serait le ministre Claude Meisch. Ce même témoin a par la suite posté une vidéo sur les réseaux sociaux.

Dans le cadre de l’enquête ordonnée par le parquet de Luxembourg, la personne ayant été en compagnie du ministre a été entendue.

Au vu des déclarations de cette personne, le parquet a classé le dossier sans suite en l’absence d’éléments permettant de conclure à la commission d’une infraction pénale.

Back to Top
CIM LOGO