Méi Flexibilitéit bei den Immobiliëprêten?
Wei kann ee méi bauen, méi séier a plazeweis och méi dicht? Eng Pist ass et, fir d'Prozeduren ze vereinfachen.
Eng aner ass et, Baugeneemegunge vun engem op zwee Joer ze verlängeren.
Fir och d'Offer vum sougenannten abordabele Wunnraum auszebauen, huet de Premier Frieden annoncéiert, datt de Staat weider Projeten opkeeft. Ee weidere wichtege Bausteen ass den Immobiliëkredit, esouwuel fir d'Leit, déi bauen oder kafen, wéi och d'Promoteuren.
Wann eisereen op d'Bank geet, fir do en Immobiliëprêt ze maachen, da geet et relativ séier ëm d'Fro vum Eegekapital. Dozou sot de Premier Frieden nom Logementsdësch:
"[...] wat ass d'Natur vun deem Eegekapital, vun deenen 20%, déi ee muss hunn… muss een dat am Cash hunn, kann een dat och an Aktien hunn…"
U wéi enge Schrauwe kënne se bei de Banke mat drun dréien. Dozou seet de Claude Hirtzig vun der Spuerkeess:
"D'Banken hunn déi Reegelen iwwert d'Eegemëttel an déi musse se anhalen. Do sinn eng Partie Ajustementer, déi wären hëllefräich. Do gëtt och diskutéiert mat der Regierung an der CSSF. Fir de Rescht muss ee wëssen, d'Banke wëlle Kreditter maachen, mir hale keng Kreditter zeréck. Wat am Moment de Marché zeréckhält, dat ass d'Demande.Wa mir eppes dozou kënne bäidroen, dass de Marché sech méi séier erkritt, da maache mir dat".
Bei de Banke schwätzt ee vun enger neier Zort Opbrochstëmmung, mat der rezenter Baisse bei de Präisser an den Zënsen, Plus dann eben d'annoncéiert Mesurë beim Logementsdësch. D'Regierung huet och bei de Banken ugeklappt, fir dass si déi grouss Bauprojete méi proaktiv begleeden.
Haut ass et esou, dass wann eng Residence oder ee ganze Lotissement gebaut gëtt, d'Banken eréischt dann ee Kredit deblockéieren, wann 80% vum Projet schonn um Pabeier verkaaft sinn. Do stellt sech de Luc Frieden d'Fro:
"Ob een dat net ka liicht erofsetzen, esouwuel vun der Bankesäit, mä och, dass de Staat seet, wann 60% oder 70% verkaaft sinn, dass en dann eng Promesse d'achat mécht oder eppes Änleches fir déi nach bestoend Wunnengen, esou, dass dann awer kann de Projet realiséiert ginn."
All déi Diskussioune sollen net nach laang schleefen, esou de Wonsch vum Premier.
Rechen-Beispill
Huele mer un, eng jonk Fra wëll sech no der Uni eng éischt Wunneng fir ronn 450.000 Euro kafen. Als Primo-Aquéreur kéint d'Fra, theoretesch, e Logementsprêt ouni Eegekapital ufroen.
Erklärunge vum Claude Hirtzig, Responsabel Retail Banking BCEE:
"Theoretesch ouni Eegekapital, ganz einfach, well Annexe-Fraise wéi Notaire-Fraisen oder d'Dekoratioun vum Appartement oder zum Beispill de Gaart, wann der sou een hutt, dat gëtt net vum Prêt couvréiert. Dat heescht, et muss ee schonn ëmmer e gewëssent Eegekapital hunn, fir kënnen eng Acquisitioun ze maachen."
An eisem Beispill schafft d'Fra an huet Eegemëttel. De Banquier simuléiert, datt e Prêt vu knapp 400.000 Euro op 30 Joer e Remboursement vu ronn 2.300 Euro de Mount géif mat sech bréngen.
De Claude Hirtzig:
"D'Zënse sinn net méi op deenen Niveauen, wou d'Cliente vläicht lo denken. Si hunn d'lescht Joer vläicht d'Erfarung gemaach, dass mat deenen Zënse vun deemools hire Prêt net machbar war, well einfach d'Chargen ze héich waren. Mir si lo, wat déi fix Laangzënsen ugeet, vill méi niddereg wéi dat, wat mer nach viru puer Méint haten."
Den Ament kéint een e fixen Zënstaux vun ënner 4% ugebuede kréien, sou nach de Claude Hirtzig. Generell géif een de Clientë schonn zënter 2017 éischter eng fix Variant recommandéieren. Grad ewéi d'Ofschléisse vun engem Bauspuervertrag.
Déi variabel Tauxe fir Immobiliëprête léichen aktuell ëm 5,5%. Op d'mannst bei dëser Bank. Et kann do natierlech Divergenze par rapport zu de Statistike ginn, déi d'Lëtzebuerger Zentralbank reegelméisseg publizéiert.
De Germain Stammet, Chef adjoint Statistikdepartement Lëtzebuerger Zentralbank:
"Sou dass et ganz gutt ka sinn, dass ee Mount eng Bank vill Prêten hiren eegenen Employéë ginn huet, wou da logescherweis d'Zënsen da méi niddereg sinn an da kann dat en Effet op d'Moyenne hunn, déi mir publizéieren. En anere Punkt an eiser Methodologie ass: Wann eng Famill muer e Prêt hëlt vun 20 Joer mat, soe mer, enger Fixatiounsperiod vun 10 Joer, da mellt d'Bank et als nei Aktivitéit an der Period Januar. Sachant, dass natierlech de Prêt, also den Taux, deen d'Bank geholl huet, do Enn November ass."
Fir datt eng Bank e Prêt Logement mat variabelem Zënssaz accordéiert, ginn nach emol 2% dropgerechent, fir ze testen, ob de Client bei Zënshausse weider kapabel wier zréckzebezuelen.
De Claude Hirtzig:
"Déi variabel Zënsen, déi kuerz Zënsen, déi haaptsächlech dirigéiert gi vun den Zënse vun der Zentralbank, dierfte lo am Summer erofgoen. Am Ablack ass d’Estimatioun vun den Analysten, dass mer 1% Zënsbaisse dëst Joer lo do kriten."
D'Banke selwer wéilten och hëllefen, datt de Logementsmarché sech méi séier erkritt.