Oppositioun reagéiert op Aussoe vu Marc LiesVu schockéiert bis net erféiert

Diana Hoffmann
Déi kontrovers Aussoe vum CSV-Deputé-Maire Marc Lies de Weekend op Facebook gi vun der Oppositioun ënnerschiddlech ageschat.
© Laurent Weber

Oppositioun reagéiert op Marc Lies / Reportage Diana Hoffmann

Ech gesinn do am Fong elo net, wou de Problem genee soll si bei deenen Aussoen”, seet de Fred Keup vun der ADR an hält dem CSV-Deputéierten domat d’Partie. Hie kritiséiert, dass méi iwwert d’Form wéi iwwert de Contenu géing geschwat ginn. Senger Meenung no misste komplex Froe beäntwert ginn, wéi ob de Jean Asselborn eng Open-the-Gates-Politik gemaach hätt, ob dës zu enger Augmentatioun vun der Kriminalitéit gefouert hätt, a wéi eng Roll do lénks Parteien an d’Medie géinge spillen. Dem Fred Keup no wieren et déi üblech, déi sech géingen Opreegen, wann eppes net géing hirer Meenung entspriechen.

Wann esou eng Rhetorik vun engem ADR-Politiker genotzt gi wier, hätt mech net iwwerrascht. Do weess een, dass dat hire Fonds de commerce ass”, seet d’Taina Bofferding vun der LSAP. Esou eng Rhetorik vun engem gestanene CSV-Politiker wier awer verwonnerlech a schockant. Schliisslech wier de Marc Lies net nei an der Politik a wéist genee, op wat et an der Kommunikatioun géing ukommen. Bewosst hätt hien en Amalgamm tëscht der Sécherheetsfro an de Refugiéeën a Migrante gemaach.

Refugiéeën a Migranten, als dacks vulnerabelst Mënschen an der Gesellschaft ënner Generalverdacht ze stellen, wann eng Strofdot geschitt, kéint negativ Konnotatiounen ervirruffen, ënnersträicht d’Sam Tanson vun Déi Gréng. Dëst kann zu Has a Rassismus féieren. Si konstatéiert, dass generell den Discours méi graff a méi respektlos gëtt. “An dat net méi just vu Jänni a Männi, mä och vun den national gewielte Volleksvertrieder”, gëtt d’Sam Tanson ze bedenken.

Eng Verännerung vun der Diskussiounskultur ass och dem Sven Clement vun de Piraten opgefall. “Et ass eng Verschibung vum Discours stramm no riets. Et huet ee bal d’Gefill, den Här Lies wéilt d’ADR hei rieds iwwerhuelen”, sou de Sven Clement. Ëmsou méi, well de Marc Lies President vun der Integratiounskommissioun ass. De Sven Clement fënnt et bedenklech, dass een, deen esou diskriminatoresch Téin vu sech géing ginn, sech an der Chamber mat Integratiounsfroe soll befaassen.

Op d’mannst LSAP, Piraten an Déi Gréng hätte sech eng méi kloer Positionéierung géint d’Aussoe vum Marc Lies gewënscht. “Eng richteg Entschëllegung an e richtege Rappel à l’Ordre héiere sech anescht un”, fënnt d’Sam Tanson. “Et hätt ee sech kéinten erwaarden, datt dat Mandat als President vun der Integratiounskommissioun a Fro gestallt gi wär, an eng méi kloer Condamnatioun komm wier”, sou de Sven Clement. Besonnesch, well de Marc Lies fir e graffen Toun an de soziale Medie bekannt wier, géing et hie wonneren, dass d’CSV net méi däitlech wier.

Och Oppositioun vun Hesper reagéiert

D’Oppositioun aus dem Hesper Gemengerot huet sech via Bréif un den CSV-Buergermeeschter Marc Lies adresséiert. Dëst als Reaktioun op rezent Aussoe vum Marc Lies op Facebook. E Post, deen haasserfëllt wier a sech géint d’Press, lénk Parteie a Flüchtlinge géing riichten, schreiwen d’LSAP, déi Gréng an d’Piraten. Et wier net fir déi éischte Kéier, datt de Buergermeeschter eng rout Linn iwwerschratt hätt.

D’Oppositioun verlaangt, datt de Marc Lies sech an der nächster Sëtzung vum Gemengerot erkläert an offiziell entschëllegt.

Bréif un de Buergermeeschter vum Dënschdeg

RTL-News: No Aussoen iwwer Flüchtlingspolitik - CSV Partei-Leedung hat klärend Gespréich mam Marc Lies

Back to Top
CIM LOGO