Marc Lies reagéiert op Kritik"Ech hätt dee Post an där Form net solle maachen"

Maxime Gillen
Den Hesper Deputé-Maire entschëllegt sech fir säi kontroverse Kommentar op Facebook.

Wéi eng Ausso hir Wierkung verännert, jee nodeem a wéi engem Kontext se gemaach gëtt, krut den Hesper Deputé-Maire Marc Lies déi lescht Deeg nawell ze spieren. Ma och, dass et wichteg ass, wéi eng Wierder een dofir benotzt.

Hien hätt op e Kommentar reagéiert, an deem en Här sech wuel „e bësse méi brachial“ ausgelooss hätt. Dass dëse Kommentar schonn d‘Reaktioun op e Post war vun engem Mann, deem Hénger am Gaart ëmbruecht goufen, hätt hien awer net realiséiert, erkläert den CSV-Deputéierten am RTL-Interview. Dee Kommentar war „iergendwann eng Kéier op mengem Display“, esou de Marc Lies, an „ech hunn en awer net a Relatioun gesat mat der Geschicht zu Hesper“.

An dësem „méi brachiale“ Kommentar, op deen den Hesper Buergermeeschter wollt reagéieren, ass et dorëms gaangen, dass et ëmmer méi Kriminalitéit hei am Land géif ginn an dass dat domat ze dinn hätt, dass ëmmer méi Leit zu Lëtzebuerg géife liewen, déi sech net un d‘Reegelen halen. Rieds goung vun „ëmmer méi kriminelle Wouscht“ an dem anstännege Lëtzebuerger, dee wéi ëmmer „deen Domme bei der Saach“ wier.

An och dass hien a sengem Message d‘Politik vum fréieren Ausseminister Jean Asselborn kritiséiert huet, wier net richteg gewiescht. Schliisslech géing et him jo net ëm d‘Flüchtlingen hei am Land goen, mä ëm deen allgemenge Sécherheetsprobleem, deen a sengen Aen déi lescht Jore méi schlëmm gi wier.

Konkret hat hien d“Open Gates“-Politik vun der viregter Regierung kritiséiert. Dat wier an engem globale Kontext ze gesinn. „Mir hunn en extreem groussen Zouwuess. […] Wann een esou een Zouwuess huet, da muss ee vläicht och op där anerer Säit méi am soziale Beräich awer och méi bei der Sécherheet maachen. Do ass ass an der Vergaangenheet net genuch geschitt.“

„Ech hätt dee Post an där Form net solle maachen. An dofir entschëllegen ech mech, datt ech en an där Form gemaach hunn. Mee, wéi gesot, de Souci ass einfach emol d’Sécherheetsbedenken an d’Liewensqualitéit vun de Leit, déi hei op eisem Territoire wunnen“, esou d‘Excuse a gläichzäiteg de Versuch vun enger Explikatioun vum Hesper Deputé-Maire.

Weider bedauert de Marc Lies, dass seng Ausso virop rietspopulistesche Politiker an d‘Kaarte spillt an eng negativ Stëmmung vis-à-vis vu Flüchtlinge promouvéiert. „Dat ass sécherlech net ganz glécklech.“

Allgemeng wier an der Lescht esou munches an der Kommunikatioun schif gaangen, gëtt de Marc Lies zou a bezitt sech dobäi ënnert anerem op d‘Aussoe vun der DP-Schäffen Simone Beissel oder dem CSV-Inneminister Leon Gloden. Hie bedauert awer, dass si allebéid esou „an de rietsen Eck gedréckt“ gi wieren.

D‘Oppositiounsparteien aus dem Hesper Gemengerot verlaangen an Tëscht per oppenem Bréif, dass de Buergermeeschter sech an der nächster Gemengerotssëtzung erkläert an entschëllegt.

De Premier Luc Frieden verweist, op RTL-Nofro hin, iwwerdeems op d‘Stellungnam vun der CSV-Parteileedung.

RTL-Commentaire vum Monica Camposeo: “Eng polemesch Rhetorik léist keng Problemer”

Back to Top
CIM LOGO