Aussoen, déi soss bei engem Patt am Bistro mat enke Kolleege gefall sinn, fënnt een elo an de Soziale Medien. Fir jidderee siichtbar, net méi just fir d’Frënn.

A schwaarz op wäiss kënnen d’Messagë weider verbreet oder duerch e Screenshot fir d’Éiwegkeet dokumentéiert ginn. Dat natierlech net eréischt zanter gëschter. Ma geféierlech gëtt et awer, wa Politiker a Politikerinnen hire Positiounen um digitale Comptoir fräie Laf loossen, fënnt d’Monica Camposeo am Commentaire vun haut.

De Commentaire vum Monica Camposeo

Huele mer e rezent Beispill: d’Ausso vum CSV-Buergermeeschter vun Hesper Marc Lies op Facebook. Hien huet e Post kommentéiert, an deem en Hesper Bierger sech opreegt huet, dass a säin Héngerstall agebrach gouf a 5 Hénger gekäppt goufen. Ënnert de sëllege Reaktioune war och e Mann, dee vu «kriminellem Wouscht» geschriwwen huet, deen hei am Land géing ronderëmlafen. Dag fir Dag kéimen der nach dobäi, geet et am Text weider. Et ass genee dësen oppe rassistesche Kommentar, dee sech den Hesper Buergermeeschter erausgesicht huet, fir ze reagéieren an dem Mann de Réck ze stäipen.

«Schwätzt mam Här Asselborn dee während Joren ‘open the gates’ propagéiert huet. Fir lo nees law and order anzeféiere gëtt extrem schwéier mat eiser kompletter dérugéilerter Gesellschaft vun eise Lenksparteien an enger Press déi just nach op PR aus ass, amplaz Basics. Byebye Lëtzebuerg.» (sic)

Kleng Ajoute: Gemengt ass warscheinlech déi dereguléiert Gesellschaft ... Schonn d’Kanner an der Schoul kréie gesot, si sollen hiren Text ëmmer iwwerliesen, ier si en ofginn. Ma da kann een dat vun de Leit, déi hei am Land eppes ze soen hunn, och erwaarden.

Spéider koum en zweete Kommentar vum Marc Lies, an deem hie bemol ouni Tippfeeler an offensichtlech méi iwwerluecht schreift, et géing him «ëm d‘Leit an ëm d’Sécherheet vun de Leit» goen. Et misst ee jo awer Problemer kënnen uschwätzen, geet et weider. Do hutt Dir Recht Här Lies, mee et kann een Themen och anescht uschwätzen. Fir wierklech Saachen ze änneren, musse mir fortkomme vun deem héich emotionaliséiertem Discours.

Oder huet dat Ganzt Calcul? Geféierlech ass nämlech genee dëst «Zeréck-Rudderen-Ech-Si-Falsch-Verstane-Ginn-Gespills». À chaud – fir et léif auszedrécken – vereinfacht a catchy Messagen an d’Tasten haen, ass keng ganz nei Erfindung. Flappseg Aussoe si keen Zoufall. Mee eng Strategie, déi scho viru Joren op där anerer Säit vum Atlantik besonnesch prominent ginn ass.

Mee souwisou gëllt: Op Calcul oder net, dass e Politiker sech aus dem Bauch eraus op den Niveau vun engem rassistesche Bierger erofléisst, ass en No-Go.

En änlecht Beispill sinn d’Aussoe vun der DP-Deputéierten a Stater Schäffe Simone Beissel. Zwar net op engem soziale Reseau, mee op apart TV, engem lokale Fernseesender. An engem Quasi-Monolog vu ganzer 14 Minutte léisst sech déi gestane Politikerin iwwert Sinti a Roma aus, geheit all d’Leit aus enger ethnescher Grupp an een Dëppen a schwätzt dovunner, erwuesse Persounen ze fidderen.

Och hei dat nämmlecht Muster: d’Madamm Beissel entschëllegt sech fir d’Form, awer net fir de Contenu. «Am Eifer des Gefechts mécht een ebe Feeler», esou d’DP-Politikerin hei op der Antenn. D’Sendung "Riicht Eraus" vum Astrid Lulling, an där déi polemesch Aussoe gemaach goufen, schéngt awer gutt preparéiert, well souwuel déi fréier CSV-Politikerin, wéi och d’DP-Stater Schäffen e ganze Pak Blieder mat vill Text viru sech leien, respektiv an den Hänn hunn. Kann een dann nach vun «Eifer des Gefechts» schwätzen? Mee egal wéi gëllt och an dësem Fall: Dat ass net den Niveau, dee mir vun eiser Politik sollten erwaarden.

Eng polemesch Rhetorik léist keng Problemer. Domadder schëdden déi, déi d’Gesellschaft vertrieden an dat bescht fir d’Allgemengheet missten am Sënn hunn, nëmmen Ueleg an d’Feier vun deenen, déi d’Gesellschaft wëlle splécken.