Zanter 5 Joer keng Riedele méi zu Lëtzebuerg

© AFP Symbolbild
Viru 5 Joer hat mer nach 21 confirméierte Fäll vu Riedelen hei am Land. Zanterhier goufen awer keng méi registréiert.
Iwwert déi lescht 4 Joer goufen awer 17 suspekt Fäll vun der viraler Infektioun gemellt, wou d'Labostester dunn awer negativ waren.
D'Weltgesondheetsorganisatioun geet dervun aus, datt d'Fäll vun der héich ustiechender Infektioun an der EU bannent den nächste Méint awer zouhuele wäert, wëll d'Couverture vun den Impfunge mat zwou Dosissen als suboptimal beschriwwe gëtt.
Gerode gëtt op eng Couverture vu 95% Geimpfte pro Land ze kommen. Zu Lëtzebuerg läit deen Taux bei ronn 94% mat zwou Dosisse vum Vaccin, dee klenge Kanner administréiert gëtt.
Absënns ufälleg fir d'Riedele si Puppelcher a Kanner ënner 5 Joer, déi riskéieren, grav Komplikatiounen z'entwéckele mat irreversibelen neurologesche Probleemer.
Dës Informatiounen gëtt d'Gesondheetsministesch Martine Deprez dem LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo, dee sech an enger parlamentarescher Fro besuergt wéinst enger méiglecher Well vu Riedele gewisen hat.