
Dat wier fir dës Legislaturperiod virgesinn, huet d’Santésministesch Martine Deprez e Mëttwoch nach emol an der Chamber däitlech gesot. Ma, dass dat Thema iwwerhaapt de Wee bis an d’Politik fonnt huet, geet op eng Petitioun vun zejoert zeréck.
D’Petitionärinne begréissen, dass hiert Uleies et an de Koalitiounsaccord gepackt huet. An, dass de Wëllen do ass, e Gesetz auszeschaffen, dat et Doktere ganz kloer verbitt, e sougenannte Certificat de virginité auszestellen. Net nëmme baséieren dës Zertifikater op kenger wëssenschaftlecher Basis, ma si erniddregen och d’Meedercher an d’Fraen, déi vun hire Familljen zu esou engem “Beweis” gezwonge ginn, huet de Gilbert Pregno, fréiere President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun, betount. Dass et guer net méiglech ass, auszesoen, ob e Meedchen oder eng Fra scho Mol Geschlechtsverkéier hat, an dass trotzdeem esou Dokumenter ausgestallt ginn, huet si schockéiert, esou d’Martine Deprez. D’Gesondheetsministesch huet betount, dass de Verbuet “net just e Saz iergendwou an engem Text” soll sinn, mee d’Recht vun der Fra, fir iwwert sech selwer ze entscheeden, däitlech soll verstäerkt ginn. Doriwwer eraus soll dat neit Gesetz géint all sexuell Diskriminatioun kämpfen an d’Dignitéit vun der Fra protegéieren.
Ouni Gesetz waren de Petitionärinnen d’Hänn gebonnen
D’Petitionärinne Sandra Dessi an Enji Ismaili schaffen an engem Lycée a goufe quasi zäitgläich vu Schülerinnen ëm Hëllef gefrot. Well et zu Lëtzebuerg awer net explizitt verbueden ass, e Certificat de virginité auszestellen, waren hinnen d’Hänn gebonnen. Genee dowéinst huet och d’Isabelle Schmoetten, Direktesch vum CID Fraen an Gender, un der Säit vun de Petitionärinnen an der Chamber begréisst, dass eng Ännerung kënnt. Ma nieft engem klore Verbuet wier awer och eng besser Opklärung onbedéngt noutwenneg. Vill ze dacks géif d’Sexualitéit vu Meedercher a Fraen anescht wouer geholl a virun allem jugéiert wéi déi vu Jongen a Männer. Et wiere genee dës Stereotyppen an dës Diskriminatiounen, déi d’Ursaach vun esou patriarchalesche Praktike wéi engem Jongfralechkeetszertifikat sinn. Dobäi geet et net ëm aner Kulturen a Reliounen, hunn d’Petitionärinnen nach betount. Well och wann e Lëtzebuerger keen esou en Zertifikat vu sengem Meedche verlaangt, esou géifen dach dacks genuch Witzer gemaach, déi dorop hindeiten, dass Sex fir Meedercher eppes Schlechtes awer fir Jongen erstriewenswäert wier. Esou eng Mentalitéit géif sech duerch déi ganz Gesellschaft zéien, onofhängeg vun der Kultur.
Fir d’Sensibiliséierung tatsächlech kënnen ëmzesetzen, huet d’Petitionärin Sandra Dessi proposéiert, sech um franséische Verbuet ze orientéieren. An eisem Nopeschland gesäit d’Gesetz nämlech vir, dass all Gynekolog oder Dokter, dee mat esou enger Ufro konfrontéiert ass, e Signalement muss maachen. Dat net onbedéngt fir Strofe kënnen auszedeelen, esou d’Sandra Dessi, mee vill méi, fir un dës Leit kënnen erunzetrieden an och bei den Elteren an der Famill Opklärungsaarbecht kënnen ze leeschten.
D’Chamber wëll d’Entwécklung vun dësem Gesetz ganz genee observéieren, mee beim Verbuet eleng soll et net bleiwen, sou nach d’Presidentin vun der Petitiounskommissioun Francine Closener no der Sitzung. Och de Volet vun der Sensibiliséierung wëllen d’Deputéiert enk suivéieren a kucken, wéi d’Regierung dëse wichtege Punkt wëll ëmsetzen.