De fréieren Äerzbëschof feiert e Méindeg säin 90. Gebuertsdag. Am Gespréich schwätzt hien iwwert säi Liewen zeréck an d'Erausfuerderunge fir d'Kierch.

Et war de 6. Mee 1934, wéi de Fernand Franck als eenzegt Kand vum Jean Franck an der Catherine Kaster zu Esch op d'Welt koum. Wärend de Papp bei der "Hüttenpolizei" geschafft huet, huet sech d'Mamm ëm de Stot gekëmmert. An deem huet, nieft dem Fernand, nach eng Bom gelieft. Seng Jugend huet de Fernand Franck zu Esch verbruecht, réischt 1953 ass d'Famill op Lalleng geplënnert. D'Elterenhaus géing de fréieren Äerzbëschof net als iwwerméisseg verpaft bezeechnen, sengen Elteren hiert Verhältnis zur Kierch wier vill méi einfach typesch fir déi Zäit gewiescht. Méi enk a Kontakt mat der Kierch wier en doduerch komm, datt e Massendénger gouf. Dat, nodeems e vum Kaploun gefrot gi war. Firwat de Kaploun op hien als potenzielle Massendénger komm ass, weess de Fernand Franck net sécher. "Sécher well ech an der Kierch brav war", mengt hie mat engem Laachen.

Dee selwechte Kaploun hat hien dann och gefrot, ob en net an d'Scoute bei d'Wëllefcher komme wéilt. Am Nachhinein wier him bewosst ginn, datt déi Zäit hie staark gepräägt huet. "Ech war eleng doheem, do hunn ech op näischt brauchen ze verzichten. Ech hunn alles kritt, wat ech wollt, awer ouni datt ech verwinnt gi wier. An du bei de Scoute sinn ech méi op ginn fir anerer." Virun allem, datt bei de Scoute vill méi op Learning by doing wéi op Theorie gesat géing ginn, wier gutt fir déi Jonk.

RTL

© Domingos Oliveira

Den Zweete Weltkrich huet de fréieren Äerzbëschof ganz bewosst materlieft. Um Owend vum 10. Mee 1940, wéi däitsch Truppen a Lëtzebuerg amarschéiert sinn, gouf d'Famill evakuéiert an a Frankräich bruecht. Wéi laang genee se do bliwwen ass, weess de Fernand Franck net méi, mee Mëtt September ass de Fernand Franck um Brill an d'éischt Schouljoer gaangen. Schonn deemools wiere vill Leit mat auslänneschen Originnen am Grand-Duché gewiescht an hien hätt nieft engem Jong gesiess, dee kee Lëtzebuergesch schwätze konnt. "Sou konnt ech net mat him schwätzen an hunn ni mussen zurechtgewisen ginn."

Fir d'éischt bei d'Arméi, dono an de Seminär

D'Zäit vun der Besatzung hätt hien als éischter normal empfonnt, well ee jo näischt aneres kannt hätt. Säi Papp wier an der Resistenz gewiescht, ma dat wier hien awer réischt nom Krich gewuer ginn. "Bei mir hu se net dovunner geschwat, fir datt ech net a Gefor kéim, eppes dobaussen ze soen." Un d'Befreiung ka sech de Fernand Franck iwwerdeems nach ganz gutt erënneren. Op der Escher Maartplaz wiere vill Leit beienee gelaf an Zaldoten hätten ee jonke Mann an Uniform op de Schëllere gedroen. Spéider huet et geheescht, datt et de Prënz Jean war.

D'Decisioun, Paschtouer wëllen ze ginn, wier net op ee Coup gefall, mee ënnerschwelleg scho länger do gewiescht. Definitiv hätt hie sech awer réischt no engem Gespréich mat engem Seminarist entscheet, deen hie gefrot hätt, ob e sech net kéint virstellen, Paschtouer wëllen ze ginn. Datt hien dee Moment keng Frëndin hat, hätt him d'Decisioun sécher méi liicht gemaach. Ma no der Première zu Esch goung et awer net direkt an de Seminär. De Fernand Franck wollt nämlech fir d'éischt an d'Arméi goen. Dat well d'Seminaristen déi Zäit nom zweete Joer an déi belsch Stat Alost geschéckt goufen, wou se déi eng Hallschent vum Dag hir Coursen haten an déi aner Hallschent beim Militär waren, wat him awer näischt gesot huet.

RTL

© Domingos Oliveira

Well hien no der Première awer bal ee Joer huet musse waarden, bis en agezu gouf, huet de Fernand Franck, fir déi Zäit ze iwwerbrécken, op der Schmelz geschafft. Do war hien op der Bascule, an der Bauabteilung, am Zentralmagaséng an um Büro. Mëtt 1953 goung et du fir ee Joer bei d'Arméi. No der Grondausbildung zu Bitburg war hie kuerz op der Cap an zum Schluss um Büro an der Stad.

Priesterwei zu Münster

Réischt wärend senger Zäit beim Militär huet de Fernand Franck sengen Eltere iwwregens gesot, datt hie Paschtouer wéilt ginn. Den Alldag am Seminär um Lampertsbierg, net wäit ewech vun där Wunneng an där hien haut wunnt, kéint ee réckbléckend als streng bezeechnen, mee dat hätt een deemools net sou empfonnt an einfach matgemaach. Nom Opstoen um hallwer 6 moies gouf fir d'éischt mol "Frühsport" gemaach, dono goung et an d'Kapell fir ze bieden, dono an d'Masse an da réischt gouf Kaffi gedronk. No de verschiddene Coursen haten d'Seminaristen am Nomëtteg Zäit fir de Studium. De Méindegmëtteg war iwwerdeems fräi fir Kommissiounen ze maachen oder spadséieren ze goen. Donneschdegmëttes goung et iwwerdeems op de "Seminärsbierg" um Kierchbierg.

1959 war et dunn de Wiessel op d'Universitéit vu Münster. Well de Fernand Franck säi Joer bei der Arméi gemaach hat, huet hien net mussen op Alost. Fir ze evitéieren, datt just fir hien eleng Course gehale géinge ginn, krut de spéidere Chef vun der Lëtzebuerger Kierch proposéiert, an d'Ausland ze goen. A well de Rekter vum Seminär ee Studie-Kolleeg vum Münster Bëschof war, ass de Choix op d'Stad am Weste vun Däitschland gefall. "Ech si gäre gaangen, ech war och gären do, et war jo Neiland. Ech hunn Uschloss fonnt, allerdéngs war alles méi fërmlech wéi bei eis, et war Däitsch, mee trotzdeem komerodschaftlech." De Fernand Franck gouf dann och 1960 zu Münster zum Priester geweit. An Däitschland ze schaffen, war awer keng Optioun.

Vun Déifferdeng op Clausen

Zréck zu Lëtzebuerg huet de Wee fir d'éischt op Déifferdeng an de Foussbann gefouert, wou de Fernand Franck als Kaploun geschafft huet. Nieft enger Mass all Dag hunn zu där Tâche och 16 Stonne Reliounsunterrecht an der Schoul gehéiert. Owes waren et dann Treffe mat de Veräiner, zum Beispill de Scouten, de Jongmeedercher oder de Massendénger. "Ech war deen eenzege Kaploun, dowéinst war ech an alle Veräiner. Op der Grenz ware se zu dräi, do hu se sech dat opgedeelt." 1969 gouf de Fernand Franck de Verantwortleche vun der Kanneraktioun an dem Kannermissiounswierk. Och well dat méi no u sengem Büro vun der Kanneraktioun zu Eech war, ass en 1971 als Paschtouer op Clausen gewiesselt. Well do manner Leit gewunnt hunn an en eng Katechetin u senger Säit hat, war d'Zuel vun de Schoulstonne méi niddreg wéi zu Déifferdeng.

Wat d'Kanneraktioun ugeet, sou huet déi d'Zeitung "Zack" erausbruecht. "Ech war net eleng do. Do war eng Ekipp vu Schoulmeeschteren a Léierinnen, déi déi Zeitung matgestalt hunn. Eng Persoun war fir d'Fotoe responsabel. Dat huet gutt funktionéiert, ech sinn an ee Betrib erakomm, deen et schonn 20 bis 25 Joer gouf. Nom Krich ass et gegrënnt ginn." Schonn deen éischten Direkter vun der Kanneraktioun war Paschtouer a Clausen. Spéider gouf hien och Direkter vum Wierk vun der Glawensverbreedung an dem Missiounswierk Saint Pierre Apôtre, dat Geeschtlecher an der Drëtter Welt ënnerstëtzt. An deem Kader ass de Fernand Franck 1974 eng éischte Kéier an Afrika gereest. Deemools huet hien de Präsident vum Kannermissiounswierk, de Weibëschof vu Paräis, op enger internationaler Konferenz am Kamerun ersat.

Mat der Mamm op Roum

Dräi Joer méi spéit war et d'Beruffung op Roum respektiv an de Vatikan. Do gouf de Fernand Franck ënnert anerem Generalsekretär vum peepstleche Wierk vun der Verbreedung vum Glawen. Firwat hie gefrot gouf, weess de Geeschtlechen net. Ma hien hätt schonn eleng Jo gesot, well et eng Erausfuerderung war. Bei där Aventure hat hien d'Ënnerstëtzung vu senger Mamm, déi matgaangen ass, fir fir hien ze suergen. "Am Nachhinein muss ech soen, datt dat ee generéise Geste war. Si ass an eng Stad gaangen, wou si d'Sprooch net geschwat a kee kannt huet, mee si ass awer matgaangen." Fir op mannst e bëssi ee Gefill vun Heemecht ze schafen, gouf ee gudden Deel vun den ale Miwwele mat an déi éiweg Stad geholl. Am Laf vun der Zäit hätt seng Mamm sech ëmmer besser agelieft a mat Hëllef vun der Tele d'Sprooch geléiert. De Fernand Franck selwer konnt schonn e bëssi Italieenesch duerch d'Uni, hutt awer zu Roum och nach een Owescours besicht.

D'Sprooch war och ee Schlëssel, fir een Zougank zum Poopst Johannes Paul II ze fannen. Am Virfeld vu senger Rees an d'Benelux-Länner am Joer 1985 sollt de Fernand Franck dem Pontifex dobäi hëllefen, säi Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch ze verbesseren. "Hien huet seng Riede virgelies an ech hunn da musse soen, dat dote schwätzt een esou an dat doten esou aus. Ech weess nach, e war dout midd. En ass ëmmer aus Audienze komm, ech hunn eng Stonn musse waarden, iert e komm ass. Et ass dann och penibel, wann een de Poopst verbessere muss. Op eemol sot en, basta cosi (et ass genuch), hie war midd."

Ee Kräiz vum Poopst als Cadeau

Nach haut huet de Fernand Franck ee Kräiz, dat de Poopst him geschenkt huet, nodeems hien zum Äerzbëschof ernannt gi war. D'Bëschofswei huet hien den 2. Februar 1991 vu sengem Virgänger Jean Hengen empfaangen. Fir vu Roum op Lëtzebuerg zeréckzekommen, wier him net schwéier gefall. Hien hätt ni nostalgesch no hanne gekuckt, mee déi eenzel Ofschnëtt vu sengem Liewen als Kapitel gesinn, dat ofgeschloss war, och wann et him op deenen eenzele Plaze gutt gefall hätt.

Ob seng Mamm, déi mat him vu Roum op Lëtzebuerg zeréckkomm ass, houfreg dorop war, datt hire Bouf Äerzbëschof gouf, weess de Fernand Franck net. Si hätt sech net weider ausgeschwat. Déi Bestätegung hätt hien awer och net vermësst. "Si war wierklech fir mech do, also ouni datt ech dovunner profitéiert hätt, dat huet sech einfach natierlech erginn." Seng Bëschofs-Devise "Ut unum sint" (Datt se alleguer eent sinn) wier him ee wichtegt Uleies. Deen Aussproch kënnt am sougenannten hohepriesterlische Gebiet vum Jesus vir an e rifft zur Eenheet ënnert de Chrëschten awer och doriwwer eraus op.

RTL

© Domingos Oliveira

Am Joer 2009 huet de Fernand Franck mat 75 Joer, wéi et am Kiercherecht fir Bëscheef virgesinn ass, dem Poopst Benedikt XVI seng Demissioun eragereecht. Et huet nach zwee Joer gedauert, bis hie vum Jean-Claude Hollerich ofgeléist gouf. Wann hien haut op seng ronn 20 Joer als Äerzbëschof zeréckkuckt, bleiwen him virun allem d'Priesterweien a positiver Erënnerung, ma och spezifesch Begéinungen mat Leit, well: "All Mënsch ass ee Geschenk fir een aneren". Eng schwéier Zäit wier et gewiescht, wéi 2010 iwwert sexuell Mëssbräich an der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg geschwat gouf an hie sech ëffentlech am Numm vun der Kierch dofir entschëllegt huet. "Ee Fall ass ze vill", esou déi kloer Ausso vum fréieren Äerzbëschof.

Jean-Claude Hollerich kéint Poopst

Mat Bléck op d'Situatioun vun der kathoulescher Kierch hautdesdaags fënnt de Fernand Franck et problematesch, datt et net méi esou vill Paschtéier gëtt, wéi fréier. D'Verkënnegung vum Evangelium, vun der gudder Nouvelle, wier déi zentral Aufgab vun der Kierch. "Et kann ee sech suergen, mee et duerf ee keng Angscht hunn. Angscht ass ee schlechte Ratgeber." Dorobber ugeschwat, ob den aktuelle Äerzbëschof a Kardinol Jean-Claude Hollerich Chancen huet, deen nächste Poopst ze ginn, mengt de Fernand Franck, dat wier schwéier ze soen. Doduerch, datt en déi lescht Synod geleet huet, géing en op alle Fall vill Kardineel kennen. Hie wier och bestëmmt gëeegent, mee géing dat Amt wuel net wierklech ustriewen.

De Fernand Franck huet sech fir seng Zukunft näischt Spezielles virgeholl. Hien hätt och keng Hobbyen. Fréier wier hie gäre gereest, mee zanter der Corona-Pandemie wier dat net méi de Fall. Och wa säin 90. Gebuertsdag him selwer net vill bedeit, wäert de fréieren Äerzbëschof e Méindeg um 18 Auer op Demande vum Jean-Claude Hollerich awer eng Mass an der Kathedral halen. Wat säi Liewen ugeet, weist sech sech de Monseigneur Franck zefridden: "Ech sinn eleng, awer net einsam."