De Pierre Jaeger ass neie President vun der COPAS

Dat huet den Daachverband vun den Alters- a Fleegeheemer um Freideg via Communiqué annoncéiert.
De Pierre Jaeger ass zanter 9 Joer Direkter vun der Direktioun vun der ziviller Aviatioun, wou hien d'Christiane Weidenhaupt ersat hat.
Virdru war hie laang Jore Premier Conseiller am Familljeministère. 2014 awer war et zur sougenannter SMS-Affär komm, wouropshin de Pierre Jaeger reegelrecht desavouéiert gi war, an als President vun der Kannergeldkeess ofgesat an duerch d'Myriam Schanck ersat gi war.
Hannergrond war eng SMS vum deemolegen CSV-President Marc Spautz, déi iertemlech d'Ministesch Corinne Cahen krut, mee u sech fir hiren héije Beamte Jaeger bestëmmt war. Doranner war et ëm en Audit iwwert den OLAI gaangen.
Dem Pierre Jaeger säi soziaalt Engagement war ënnert anerem fir Servior an d'Rout Kräiz.
Cahen vs Jaeger vs Spautz: Eng falsch adresséiert SMS suergt fir Vertrauensverloscht (18.9.2014)
Eng SMS an hir Konsequenzen... CSV dementéiert Kritiken um Marc Spautz (23.9.2014)