D'Studentevertriedung vun der ETH Zürech weist sech besuergt iwwert eng Verdräifachung vun den Unisfraise pro Semester fir auslännesch Studenten. En Trend?

Net méi spéit wéi e Mëttwoch soll den Text am Parlament gestëmmt ginn, dee mat zimmlech grousser Warscheinlechkeet och gréng Luucht am Bundesrat an der Schwäiz kritt, sou den Till Winzen, Lëtzebuerger Student op der ETH Zürich a Member bei der LSZ, de Lëtzebuerger Studenten zu Zürech.

Am Raum steet net manner wéi eng Verdräifachung vum momentane Betrag, also 2.400 Schwäizer Frang, ronn 2.425 Euro, amplaz de momentan nach 800 Schwäizer Frang. Dat pro Semester wuel verstanen. Dat sinn iwwer 4.800 Euro d'Joer, déi een als auslännesche Student u Fraisen op der ETH misst bezuelen. Dat awer nëmme fir déi, déi vu September 2025 u wëllen an der Schwäiz studéieren.

Den Till Winzen:"Mir sinn eis mengen ech eens, datt een net d'Studente bezuele loosse muss fir d'Suen, déi eeben net do sinn, well mir als Studente souwisou schonn eng Grupp sinn, déi kee Fix-Akommes hunn an déi souwisou schonn zu der Grupp gehéieren, déi net sou vill Suen eeben hunn. An et sollt een och net d'Bildung verspäre mat méi héije Studiegebühren, egal wou dat lo ass."

Studentevertriedunge schloen natierlech Alarm. Et wier wéineg kommunizéiert ginn iwwert dëse Projet säitens der Politik, Petitioune géint den Text wiere schonn op de Wee bruecht ginn, ma et misst een d'Decisioun säitens der Politik e Mëttwoch ofwaarden, sou den Till Winzen.

Wat dem Bildungsministère an der Schwäiz u Gelder géif feelen, wier net un de Studenten, fir et opzefänken, där Meenung ass souwuel d'LSZ, wéi och d'Studentevertriedung ACEL. Et wier eng Entwécklung, déi reegelrecht "ze bedauere" wier, sou den Gianni Di Paoli, Vizepresident vun der ACEL, deen den Trend net nëmmen an der Schwäiz gesäit, mä iwwerall an Europa, wéi beispillsweis op der TU zu München, wou d'Erhéijung vun de Fraisen elo mol fir Leit baussent der EU gëlle soll.

E weidert rezent Beispill ass dat vu Maastricht. Déi hollännesch Stad huet ronn 25.000 Studenten, mol net d'Hallschent dovunner sinn aus Holland. De Rietsruck an der Regierung an Holland huet dowéinst dozou gefouert, dass de politesche Wëllen elo op méi hollännesch Studenten a manner englesch Coursë geriicht ass. Ee Grond ass de Manktem u Wunnengen, wéi praktesch an all Land an der EU. Et erhofft ee sech mat enger méi kenger Unzuel u Studenten aus dem Ausland, dass dëst e positiven Effekt op den Immobiliëmarché kréich. Kuerz gesot: manner Studenten, méi Wunnenge fir Hollänner.

Souwuel eng Reduktioun vun den auslännesche Studente wéi um Beispill Maastricht, wéi och eng Erhéijung vun de Käschte fir Auslänner un Universitéiten, wier carrement anti-europäesch, sou den Gianni Di Paoli vun der ACEL.

"Ech mengen dat ass definitiv eng Entwécklung, déi eis Suerge mécht, well et awer kann d'Fräiheet vun de Studenten aschränken, well een da vläicht awer méi muss drop kucken 'wat kann ech mer nach leeschten, wou ginn ech ugeholl'. Et ginn och vu verschiddene Länner Iwwerleeungen, d'Unzuel un auslännesche Studenten anzeschränken. Ech mengen dat ass eppes grad an der EU, wat mer net kënne begréissen, a wat dem Geescht vun Europa awer wierklech net entsprécht."

D'ACEL begréisst, dass um Beispill vun der Schwäiz mat Petitioune fréi säitens de Studente reagéiert, an dass konsequent mam Rot vun der ETHZ geschwat gouf, deen de Studente jo och Recht gëtt an hinnen de Réck stäipt. Ma dach dierft bis e Mëttwoch net méi genuch Zäit bleiwen, fir nach kuerzfristeg eppes un der Decisioun säitens der Schwäizer Regierung ze änneren oder se souguer ze stoppen.