"Politik ass gestalten, net just verwalten", esou de Premier Luc Frieden a senger éischter Ried zur Lag vun der Natioun um Dënschdeg an der Chamber.

Nodeems hien en international schwierege Kontext beschriwwen huet, huet de Premier betount, datt Lëtzebuerg Punkto Wirtschaft, Klimawandel an Defense "europäesch" misst denken. De Luc Frieden huet an deem Zesummenhang eng éischt nei Annonce gemaach: Amplaz d’Zil vu Militärausgaben an Héicht vun 2% vum RNB an 10 Joer ze ’erreechen, soll dat schonn 2030 geschéien.

Weider Upassung vum Steierbarème un 2,5 Indextranchen

Den 1. Januar gëtt et eng weider steierlech Entlaaschtung: de Steierbarème gëtt Ufanks d’nächst Joer ëm weider 2,5 Indextranchen berengegt. Dëst Joer war de Barème jo schonn u 4 Indextranchen ugepasst ginn. De Luc Frieden huet och dru festgehal, datt bis 2026 e Projet fir eng eenzeg Steierklass soll presentéiert ginn. Bis dohinner géinge Monoparentaux – elengerzéiend Steierzueler also – schonn entlaascht ginn.

Déi meescht Energiepräis-Deckele falen d’nächst Joer ewech

De Stroumpräis-Deckel bleift par konter nach d’nächst Joer bestoen: De Staat iwwerhëlt d’Hallschent vun der projezéierter Hausse fir 2025.
 
Leit mat niddregem Akommes géingen iwwerdeems weider ënnerstëtzt ginn, andeems d’Prime énergie an de Steierkredit "Energie" eropgesat ginn. De finanziell méi schwaache Stéit géing och gehollef ginn, andeems Demanden fir verschidden Hëllefen nëmmen nach eemol musse gemaach ginn .

Primme fir E-Mobilitéit ginn erofgefuer

Méi spuersam gëtt de Staat mat de Primmen fir d’Elektromobilitéit. Bei den Elektroautoe kritt een an Zukunft just nach maximal 6.000 Euro a bei 16 bis 18 Kilowatt just nach 3.000. Par konter gëtt eng Primm fir elektresch Occasiounsautoen agefouert. D’Prime fir E-Bikes gëtt den 1. Oktober gréisstendeels ofgeschaaft, ausser et handelt sech em sougenannt Cargo-Bikes.

RTL

© Lag vun der Natioun 2024

RTL

© Ried zur Lag vun der Natioun

RTL

© Ried zur Lag vun der Natioun

Prozeduren am Bau - "10 Punkten Aktiounsplang"

Vill Annonce goufen et am Beräich vum Logement respektiv den administrative Prozeduren am Bau. De Luc Frieden huet en "10 Punkten- Aktiounsplang" ugekënnegt, mat Mesuren, déi an Aarbechtsgruppen nom Logementsdësch vun Enn Februar ausgeschafft goufen. Eng gréisser nei Mesure ass hei d’Aféiere vun engem nationale "Standard Bautereglement" mat eenheetleche Reegelen, dee bis 2025 soll a Kraaft sinn. D’Gemenge géingen awer weider urbanistesch Detailer kënnen definéieren, fir dem Bild vun der Uertschaft kënne Rechnung ze droen, huet de Luc Frieden berouegt.
 
Op éischter Plaz kënnt de Prinzip vum "Silence vaut accord" (an anere Wierder: wann eng Demande bannent engem gewëssenen Delai keng Äntwert kritt, da gëllt d’Demande als autoriséiert). Dee Prinzip soll national do agefouert ginn, wou en "net am Widdersproch mam europäesche Recht ass", esou de Premier. Bei klengen Aarbechte sollen och keng Autorisatioune méi musse gefrot ginn, mee eng Notifikatioun géing duergoen.

D’Delaie fir kommunal Bebauungspläng, déi generell a spezifesch (PAG a PAP) ginn och verkierzt. Donieft soll eng Kommissioun tëscht der ITM, dem CGDIS an dem Familljeministère geschaaft ginn, déi den eenzegen Uspriechpartner fir d’Bauhäre wäert sinn. D’Autorisatiounsprozedure géingen iwwregens och all op enger eenzeger Plattform zentraliséiert an digitaliséiert ginn.

De Luc Frieden hält dann och zum Deel un engem Projet vun der leschter Regierung fest: Nämlech de Remembrement ministériel, dee virgesäit, datt wann ee Besëtzer blockéiert, de Staat deen Terrain ka réckelen. De Baulandvertrag gëtt ,wéi et schéngt, fale gelooss.
 
Den Naturschutz soll iwwerdeems an de Stied esou limitéiert ginn, datt Besëtzer Hecken a Gestrëpps solle kënne wuesse loossen, ouni datt e Projet doduercher net méi méiglech gëtt. Déi lescht Mesure besteet iwwerdeems doranner, datt de Seuil vun deem un een eng Ëmweltetüd muss maachen, vun den aktuellen 2 op 4 Hektar gehuewe gëtt.

Pensiounen, Gemengepolice

A senger Deklaratioun huet de Premier confirméiert, wat d’Sozialministesch d’lescht Woch bei eis ugekënnegt hat: Am Hierscht gëtt et eng breet Debatt iwwert eng Pensiounsreform.

Och d’Gemengepolice, esou ewéi den Inneminister se op RTL beschriwwen hat, huet de Luc Frieden bestätegt.

RTL

E Mëttwoch fänken dann d'Debatten iwwer d'Deklaratioun un. D'Ried zur Lag vun der Natioun ass och de Sujet vum RTL-Kloertext Spezial en Dënschdeg den Owend um 20 Auer op der Tëlee. Invitéeë si Vertrieder vun de 7 Parteien an der Chamber.