D’Oppositiounsparteien hunn den Entlaaschtungspak vun der CSV-DP-Regierung grosso Modo "positiv" fonnt a begréisst.

Besonnesch d’Entlaaschtungen fir méi niddreg Revenuen a fir d’Steierklass 1A goufe vun der Oppositioun gutt opgeholl.

Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot huet sech trotzdeem gefrot, ewéi de ganze Pak soll géigefinanzéiert ginn, an ob eleng d’Croissance dat soll hikréien. Hien huet och gemengt, datt vill Mesurë fir d’Groussverdénger wieren.
 
Änleche Constat bei déi Gréng: D’Deputéiert Sam Tanson huet ze bedenke ginn, datt déi, déi am meeschte verdéngen am Beschte géifen ewechkommen, och scho wann se eng Indextranche kréien. Si huet sech och gefrot, ob den Entlaaschtungspak net Handlungsspillraum fir eng grouss a méi gerecht Steierreform ewech hëlt.
 
De Sven Clement vun de Piraten huet hat och kee Versteesdemech fir “Defiskalisatioune” fir Leit, déi iwwer 200.000 Euro d’Joer verdéngen. Datt d’Steierklass 1A a niddreg Revenuen entlaascht ginn, dat huet hien allerdéngs gutt fonnt an als “gutt mee spéit Asiicht” vun CSV an DP beschriwwen.
 
Den ADR Member vun der Finanzkommissioun vun der Chamber, den Députéierte Fred Keup, war bei der Sitzung e Mëttwoch net dobäi. Déi Lénk sinn an där Kommissioun just “Observateur”.