Besonnesch Steierklass 1A an niddreg Revenue gi weider steierlech entlaascht
De Finanzminister Gilles Roth huet um Mëttwochmëtteg de Mesurëpak mat de Steierentlaaschtunge presentéiert.
D’Steierklass 1A (elengerzéiend Stéit, Leit iwwer 64 a Wittleit) ginn 2025 steierlech entlaascht an den net-qualifizéierte Mindestloun gëtt steierfräi.
Donieft gëtt d’Kierperschaftssteier ëm 1 Prozentpunkt erofgesat, fir Frontalieren aus Däitschland mat Iwwerstonne gëtt et e Steierkredit vu bis zu 700 Euro, Primme fir sougenannt Expats gi steierlech méi attraktiv an et gëtt eng Exemptioun fir Primme fir Leit ënner 30 Joer agefouert.
De Finanzminister war och Invité am RTL-Journal um Mëttwoch den Owend.
Déi Mesuren, déi schonn ugekënnegt waren, goufen e Mëttwoch de Moien am Regierungsrot ugeholl an de Finanzminister Gilles Roth huet se dunn ënner Form vum sougenannten "Entlaaschtungspak" der Chamber-Finanzkommissioun an duerno der Press presentéiert. D'Kär-Ziler vum Pak wiere "Kafkraaft, Kompetitivitéit, Attraktivitéit, Wuesstem a Kohesioun", esou de Finanzminister.
Déi gréissten Entlaaschtung gëtt et duerch d’Upassung vum Steier-Barème u 4 Indextranchen den 1. Januar dëst Joer, d’Upassung u weider 2,5 Tranchen d’nächst Joer an d’Hausse vum Steierkredit fir "Monoparentaux". De Gilles Roth huet vun enger "historescher" Entlaaschtung fir d'Steierklass 1A geschwat.
Beispiller déi d’Steierverwaltung preparéiert huet, weisen och kloer, datt vun nächstem Joer u besonnesch d’Leit an der Steierklass 1A a besonnesch d’Leit mat niddrege Revenuen, proportional an deels och an Euro ausgedréckt, am meeschten entlaascht ginn.
Esou behält eng Persoun aus der Steierklass 1A mat engem Revenu vu 60.000 Euro, 3.295 Euro méi Netto vum Brutto. An der Steierklass 1, also bei de Jonggesellen, ass d’Entlaaschtung a Prozenter ausgedréckt och bei den niddrege Revenuen am stäerksten. An Euroen ausgedréckt, behalen déi méi héich Revenuen am meeschten Netto vum Brutto, änlech ewéi an der Steierklass 2.
"Méi kompetitiv"
Et ass den net-qualifizéierte Mindestloun, dee steierfräi gëtt. Dat sinn 2.635,21 Euro an d’Exoneratioun stellt, an der Steierklass 1, 10,9 Euro méi Netto vum Brutto de Mount duer.
Nei ass och, datt wa Betriber jonke Leit ënner 30 Joer eng Primme ginn, dës zu 75 % steierfräi ass. Dës sinn awer och plafonéiert jee no Revenu. Zum Beispill op 5.000 Euro, fir eng Persoun déi manner ewéi 50.000 Euro d’Joer brutto verdéngt.
Wat d’Kierperschaftssteier ugeet, déi geet vun 17 op 16 % erof a fir Betriber mat engem Revenu imposable ënner 175.000 Euro geet den Taux vu 15 op 14 % erof. Bei déi Tauxe kommen awer och nach d’kommunal Gewerbesteieren dobäi.
Eng weider Entlaaschtung, déi schonn ugekënnegt war, ass d’komplett Exoneratioun vun den Zënsen op engem Prêt fir d’eege Wunneng. Déi gëllt och scho fir dëst Joer. D'Zënse sinn d'Joer vun der Acquisitioun an d'Joer drop integral deductibel.
De gesamte Steierpak géing de Staat geschate 500 Milliounen Euro kaschten respektiv manner Recette fir dëse bedeiten. Déi grouss Steierreform mat enger Steierklass gëtt fir d’Joer 2026 präparéiert.