D'Kolleege vum RTL Infos hu sech ugekuckt, wéi de Mindestloun wäert ausgesinn, wann déi nächst Indextranche kënnt.

De Mindestloun wäert an den nächste Méint e puer ganz interessant Evolutioune matmaachen. Esou wäert en, mam nächsten Index, dee fir dat lescht Trimester dëst Joer kéint kommen, klammen. Den netqualifizéierte Mindestloun klëmmt da vun 2.570,93 Euro aktuell op 2.635,21 Euro. De qualifizéierte Mindestloun geet bis op 3.162,23 Euro erop.

Och wann de Mindestloun hei am Land schonn deen interessantsten an Europa ass, esou huet d'Regierung ënnert dem Luc Frieden nach eng weider interessant Verännerung annoncéiert: Vum Januar 2025 u wäert den netqualifizéierte Mindestloun steierfräi sinn, wa verschidde Konditiounen, ënner anerem wann een an der Steierklass 1 A ass, erfëllt sinn.