En Donneschdeg gouf zu Keel a Gaasperech agebrach
D'Police mellt eng Rei Abréch en Donneschdeg. An alle Fäll war d'Spueresécherung op der Plaz an et goufen Ermëttlungen an d'Weeër geleet.
En Donneschdeg am Nomëtteg gouf an zwou Wunnengen an engem Appartementshaus an der Rue du Commerce zu Keel agebrach. D'Täter sinn an eng éischt Wunneng agebrach, hunn alles duerchwullt a sinn du weider bei eng zweet Wunneng gaangen. Do goufe se allerdéngs duerch ee Bewunner gestéiert an hunn hir kriminell Aktivitéite missen ofbriechen.
Zu Gaasperech gouf dann nach an ee Lokal op der Route d'Esch agebrach. Den Abriecher huet d'Keess duerchwullt a sech dunn duerch d'Bascht gemaach.
Police warnt viru Päsch-Trick
D'Police warnt an deem Kader och nach emol virun engem Trick, deen Abriecher gäre benotzen, fir ze wëssen, ob een Doheem ass.
An de leschten Deeg hätten d'Beamten uechter d'Land eng Rei Fäll gesinn, wou d'Täter sech Zougang zu Appartementshaiser verschaaft hätten, an da ganz dënn Päschfiedem am ënneschten Eck vun eenzele Wunnengsdieren ubruecht hätten.
Bleift de Päschfuedem un der Dier, ouni futti ze goen, ass dat fir d'Abriecher ee gudden Indiz, datt d'Bewunner warscheinlech net doheem sinn. Sollt een esou Päschfiedem u senger Dier gesinn, soll een den 113 alertéieren, heescht et vun der Police.