CGDIS a Police
Véier Chaufferen hu missen de Permis ofginn, well si ze vill gedronk haten
© RTL-Archiv
An der Nuecht op e Mëttwoch huet d'Police eng Rei Autoe gestoppt, déi am Stroosseverkéier opgefall waren.
A véier Fäll hätt de Chauffer de Fürerschäin missen ofginn, well si ze déif an d'Glas gekuckt haten. Wärend zu Wäiswampech, zu Angelduerf an zweemol an der Stad de Permis fort war, gouf ee Fall zu Capellen registréiert, ouni datt de Fürerschäin direkt saiséiert gouf.
Eng Persoun gouf iwwerdeems en Dënschdeg den Owend blesséiert, wéi géint 17 Auer zu Nidderkuer an der Rue des Ecoles een Auto géint ee Potto gefuer ass. Eng Ambulanz vu Péiteng war op der Plaz.
Am meeschte gelies