Dat ënnert dem Virsëtz vum Kardinol an Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, Jean-Claude Hollerich. D'Kierch war fir d'Gebuertsdagsfeierlechkeete gutt gefëllt. 

1772 huet de Bau vun der Mäerteskierch, wéi se haut do steet, ugefaangen. Virun 250 Joer, de 24. Juli 1774, gouf se ageweit, ënnert dem deemolege Paschtouer Johann Otto Borrings. Hien hätt dat Modernst vu senger Zäit wëllen opbauen, sou den aktuelle Paschtouer Francis Erasmy: "Déi Zäit war natierlech eng aarm Zäit, d'Leit haten net vill an d'Kierch war am Fong e Festsall fir jiddwereen, e wonnerbare Raum, wou een opootme kann, hell, schéin, barock, faarweg, liewensfrou. An do mengen ech, dat war warscheinlech e klengt Wonner fir d’Leit, déi deemools hei, déi aus hire klengen Haiser koumen an dann hei e gemeinsame grousse Festsall haten, fir Gott ze begéinen a sech selwer.”
 
Och haut wier d'Kierch, déi am Stil vun der Barockarchitektur gebaut gouf, zu Lënster nach ganz lieweg. Et wier awer mëttlerweil eng grouss Erausfuerderung, fir d'Leit ze motivéieren, fir reegelméisseg ze kommen, esou de Paschtouer Francis Erasmy. Besonnesch jonk Leit hätten e strenge Liewensprogramm a géinge vill schaffen. Kritik gouf et um INPA, fréier "Sites et Monuments". Eigentlech sollt als Gebuertsdagskaddo en neien Deel vun der Uergel ageweit ginn, e sougenannt Chouer-Wierk. Dat nationaalt Denkmalschutzinstitut wier mat de Pläng awer aktuell net averstanen.