Alerte jaune wéinst Hëtzt a Wiederen

© RTL-Grafik
En Dënschdeg scho gouf et eng Alerte jaune wéinst grousser Hëtzt, e Mëttwoch gëtt et en Avis de chaleur an en Avis d'orages gläichzäiteg.
E Mëttwoch riskéiert et méi ongemittlech dobaussen ze ginn. Op der enger Säit, well et bis zu 35 Grad am ganze Land solle ginn, dat tëscht 13 an 19 Auer. Et ass also immens schmeier.
Dobäi kënnt awer nach de Risk vun Donnerwiederen, dat dann tëscht 10 a 14 Auer. Wéi MeteoLux mellt, kënne 15 bis 35 Liter Reen op de Meterkaree erofkommen, zousätzlech och gemëscht mat Knëppelsteng. Bis zu 1 Zentimeter kéinte falen.
An der Nuecht killt et dann nees of, 20 bis 15 Grad si gemellt.
Wiederfräsch
En Donneschdeg da gëtt et méi wiesselhaft. Sonn a Wolleke, mat deels och emol méi kräftege Reeschauere begleeden eis duerch den Dag, dobäi bleift et awer méi schmeier mat Héchstwäerter vu bis zu 27 Grad.
E Freideg gëtt et nees méi dréchen, do sollen et da just nach maximal 25 Grad ginn.
De Weekend bleift summerlech, awer manner waarm. E Samschdeg gi mer vun der Sonn verwinnt bei maximalen Temperature vu 26 Grad an och e Sonndeg bleift et sonneg, deels mat Wolleken a 25 Grad.