Nächst Indextranche fir 2024 an Iwwernächst fir 2025 virgesinn
© Image Envato FabrikaPhoto
De Statec war am Fréijoer dovunner ausgaangen a bleift och bei sengen neien Inflatiounsprevisioune vun e Mëttwoch dobäi.
D’Präisdeierecht soll dëst Joer och ewéi am Mee schonn erwaart bei 2,3 Prozent leien, also just liicht iwwert dem 2-Prozent-Zil vun der Europäescher Zentralbank.
D’nächst Joer par konter wäert d’Inflatioun nees e bëssen urappen, well d’Tripartitesmesuren, fir d’Hausse vun den Energiepräisser virun 2 Joer ofzefiederen, d’nächst Joer progressiv erofgefuer ginn. Allerdéngs soll d’Inflatioun just op 2,6 Prozent klammen, esou de Statec. Am Mee hat den nationale Statisitik-Institut nach 3,1 Prozent antizipéiert, mee do war een nach dovunner ausgaangen, datt d’Präisdeckele ganz verschwanne géingen.
© Statec