Den Educatiounsministère huet Zuelen iwwer d'Orientatioun vun de Kanner publizéiert, déi de Fondamental dëst Joer fäerdeg gemaach hunn.

39,9 Prozent vun de Kanner wäerten am Hierscht op eng 7e am Secondaire Classique goen. Fir de Groussdeel vun de Schüler (46,3 Prozent) geet de Wee awer weider op eng 7e am Secondaire Général.

13,4 Prozent vun de Kanner ginn iwwerdeems a Richtung 7e Preparatoire orientéiert. Fir 26 Schüler ass d'Zäit am Fondamental allerdéngs nach net ganz eriwwer - si fänken am September mat enger Verlängerung vum Cycle 4 un.

Domat bleiwen d‘Tauxe relativ stabel, esou den zoustännege Ministère. A 99,6 Prozent vun de Fäll wieren d‘Elteren d‘accord mat der Orientatioun vun hire Kanner, heescht et nach vum Educatiounsministère.