Reegelméisseg ginn um Belval Visite-guidéeë vum Fonds Belval ugebueden. Ma et kann een den Héichuewen och op eege Fauscht erliewen.

Zanter jeehier dominéieren d'Héichiewen d'Bild vum Belval. Si waren a bleiwen d'Häerz vum Quartier. Ugangs vum 20. Joerhonnert huet et um Belval ugefaangen ze pulséieren. D'Stolindustrie ass zu engem Haaptbestanddeel vun der Lëtzebuerger Industrie ginn. "Hei ass eigentlech den Ursprong vum Lëtzebuerger Räichtum entstanen. Hei ass Eisenäerz ageschmolt ginn", erkläert de Jeannot Dahm, deen zanter 2 Joer Guide um Belval ass.

Fir iwwerhaapt Stol produzéieren ze kënnen, war deemools vill Plaz néideg. Um Site vun 120 Hektar huet een eng Agglomeratioun, eng Mëllerei, en Héichuewen, e Stolwierk an e Walzwierk gebraucht, zielt de Guide op. Ma an den 90er-Joren ass awer decidéiert ginn, dass ee mat der Matière première Eisenäerz géing ophalen a just nach Schrott géing huelen. 
 
Wärend de Jeannot Dahm mat sengem Grupp vun Touristen a Leit aus dem Grand-Duché iwwer de fréieren Industriesite geet, betount hien, dass virun 30 Joer op där Plaz nach Héichbetrib gewiescht wier. Parallel mat der Stolindustrie ass d'Bevëlkerung am Süde vum Land gewuess a mat der Zäit och de Räichtum. Ugangs waren 3.000 Aarbechter um Site beschäftegt. Méi spéit 7.000. 
 
De Jeannot Dahm hänkt awer net just un der Geschicht mä verbënnt gäre Vergaangenheet an Zukunft. "Wa mer do eriwwer kucken, da gesi mer dat aalt Stolwierk nach. Dat gëtt och ewech gerappt. An do kënnt en neien Elektrouewen. Dat ass d'Zukunft vun Esch Belval", seet hien op der Visiteurplattform vum Héichuewen. D'Hal vum Walzwierk wier nach d'Original vun 1912. Och haut gëtt do nach produzéiert. Haaptsächlech Palplanchë gi gewalzt. "Hei ginn 30 Prozent vun der Weltproduktioun hiergestallt. All drëtt Palplanche, op däitsch Spundwand, déi iergendwou uechter d'Welt ageschloe gëtt, kënnt vum Belval", sou de Guide.
 
De Site bleift senger Geschicht verbonnen, ma huet sech besonnesch an de leschten 10 Joer vill verännert. Eng 7.000 Studente studéieren elo um Belval. Vill verschidden Architekte konnte sech ausliewen. Quasi e Coup de coeur vum Guide ass d'Bibliothéik vum Architekt François Valentiny. An déi speziell Fënsteren, déi déi verknaschten Industriehalefënstere sollen duerstellen.

E klenge Fun Fact huet de Guide dann och nach am Petto: An den dräieckege Fënsteren, déi no ënne weisen, erkennt een, wann ee genee kuckt, e Mann mat Zwirbelbaart. "Dat ass awer kee Selbstportrait vum Valentiny, soss wieren d'Fënstere méi grouss", ameséiert hie sech. Hei géing et sech wuel just ëm en Zoufall handelen.
 
Haut liewen iwwer 7.000 Mënschen um Belval a 15.000 schaffen der hei. Op deem Site, wou déi dräi Standbee vu Lëtzebuerg - d'Industrie, d'Finanzwiesen an d'Fuerschung vereent sinn, an dee soll weider wuessen.