De Ponton vum François Valentiny, dee virun 9 Joer mat vill Pomp ageweit gouf, gëtt ewechgerappt.

D'Konstruktioun vum Lëtzebuerger Architekt, deen eng international Renommée huet, muss Plaz maachen, fir dat historescht Schëff, op deem 1985 den Accord vu Schengen ënnerschriwwe gouf.  
Déi fréier "MS Princesse Marie-Astrid" huet jorelaang an Däitschland als "MS Regensburg" Touristen iwwert d'Donau gefouert, bis d'Regierung se virun 3 Joer erëm kaaft huet a fir datt se elo eng adequat Plaz am Erënnerungstourismus kritt, muss dee ronn 150 Tonne schwéiere Ponton verschwannen.

Verschwannen heescht an deem hei Fall a Stécker geluecht an oftransportéiert ginn. De Ponton ass déi Plaz, wou bis elo den Accueil fir Touriste war, wou si konnte Souvenire kafen an Informatioune kréien... an eng Fro, seet de Buergermeeschter Michel Gloden, hätt bal jidderee gestallt.

"Wou ass dann dat Ofkommes ënnerschriwwe ginn a wann der dann natierlech d'Chance hutt, dat Schëff erëm zeréck ze kréien, wou mer wierklech ganz laang drop gewaart hunn, dann ass et jo kloer, datt der higitt a Plaz schaaft, fir d'Marie-Astrid dohin ze leeën. Dofir ass et ebe sou, datt mer de Ponton musse réckelen."

Woubäi "réckelen" allerdéngs net bedeit, datt d'Konstruktioun, déi virun 9 Joer, knapp 1 Millioun Euro kascht hat, erhale bleift. Dat géif alles ze komplizéiert.

"De Ponton ass kee Schëff. Wa mir higinn a mir maachen de Ponton lass vun der Passerelle, da kippt en. Also muss een en direkt befestegen an dann transportéiert der deen iwwert d'Musel an da kritt der Contrainten. Da muss mol een d'Verantwortung iwwerhuelen, fir de Ponton ze transportéieren. Stellt Iech nëmme vir, de Ponton kippt Iech an der Musel a geet ënner. Wien iwwerhëlt dann d'Verantwortung? Ech kann Iech op jidder Fall soen, de Schäfferot mécht dat net. Ech wëll net, datt d'Schëfffaart wärend e puer Deeg, oder vläicht méi laang, blockéiert ass, well de Ponton ënnergaang ass."

An dobäi géif et en Interessent ginn, fir d'Konstruktioun vum François Valentiny z'iwwerhuelen. Den Entrepreneur Pascal Zimmer hätt e Gîte touristique wëllen draus maachen - dat krut hien awer refuséiert wéinst dem Naturschutzgesetz. Hien hätte säi Liewe laang sougenannt "onméiglech Missiounen" gereizt, seet dee Mann, deen zum Beispill och d'Schlass Kënzeg ëmgebaut huet.

"Ech mengen och, datt wann ee ganz kreativ ass, ob d'Boot ëmfält, dat kriss de stabiliséiert, do ginn et Solutiounen, hätt een dat mat vill guddem Wëllen a vill Kreativitéit vläicht kéinte maachen, mä mir kënnen näischt géint d'Gesetz maachen."

Dofir wëll den Entrepreneur och net streiden. Hie wënscht sech just fir d'Zukunft méi "Let's make it happen", amplaz an der Zopp no Hoer ze sichen.

RTL