E Mëttwoch am fréien NomëttegSamu am Asaz bei Accident tëscht Duelem an Dippech

Tom Nols
Zu Péiteng an op der N13 tëscht Duelem an Dippech war et zu Accidenter komm, bei deene jeeweils eng Persoun blesséiert ginn ass.
© Laurent Weber

Um 13:10 Auer war et zu Péiteng an der Lonkecher Strooss zu engem Accident tëscht zwee Gefierer komm, bei deem eng Persoun blesséiert ginn ass. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Péiteng an d'Ambulanz vun Esch-Uelzecht. Den Automobilist, dee fir den Tëschefall responsabel ass, war duerno fortgelaf.

Eng Stonn méi spéit koum et op der N13 tëscht Duelem an Dippech zu engem Accident, wéi zwee Autoen net laanschtenee komm waren. Och hei ass eng Persoun blesséiert an d'Spidol komm. Am Asaz waren d'Pompjeeë vun Dippech a Koler, grad esou wéi d'Ambulanz vu Mamer an de Samu.

An der Mëttesstonn war et dann nach nieft der Tréierer Autobunn A1, am Beräich tëscht Fluessweiler a Mënsbech, zu engem Vegetatiounsbrand komm. D'Pompjeeë vu Fluessweiler a Menster ware läschen.

Back to Top
CIM LOGO