Mëllech-Kollekt vun Abrëll 2027 unLuxlait confirméiert Iwwernam vu 50 Prolek-Baueren

Cédric Ferry
D'Léisung, déi ee fonnt hätt, géing d'Baueren ofsécheren, awer och e gewësse Risk fir d'Luxlait mat sech bréngen.
Vun den 68 Bauere vun der Prolek wäerten an Zukunft 50 hir Mëllech u Luxlait liwweren.
© AFP

Vun den am Ganzen 68 Prolek-Bauere liwweren der vum 1. Abrëll 2027 u 50 hir Mëllech un d'Luxlait. Dat huet de Lëtzebuerger Mëllech-Produzent e Mëttwoch an engem Schreiwes confirméiert.

D'Schreiwes vun der Luxlait

Den entspriechende Kontrakt tëscht de Baueren an der Entreprise Solarec, bei där Luxlait Aktionär ass, ass e Mëttwoch ënnerschriwwe ginn.

Et hätt een eng Léisung fonnt, déi d'Mëllech-Baueren an hir Familljen ofséchert, ma dës géif och Käschten a Risike fir Luxlait mat sech bréngen. Den dauerhaften Erfolleg vun der Léisung géing vun der Kapazitéit vum Lëtzebuerger Marché ofhänken, säin eegene Liewensmëttel- an Agrarsecteur oprecht ze erhalen.

Viru ronn fënnef Méint hat déi franséisch Societéit Lactalis, zu där och d'EKABE gehéiert, annoncéiert, nom 31. Mäerz 2027 keng Mëllech méi vun den 68 Prolek-Baueren anzesammelen.

Back to Top
CIM LOGO