Aarbechtsmarché2 Drëttel vu Leit, déi Recht op Chômage verléieren, fanne bannent 3 Méint eng Beschäftegung

François Aulner
Bal zwee Drëttel vun de Chômeure fannen no 3 Méint rëm eng Schaff, wann hiert Urecht op Indemnitéite bis verfall ass.
© Domingos Oliveira

Bal zwee Drëttel vun de Chômeuren, deenen hiert Recht op hir Indemnitéiten op en Enn koumen, hunn an den 3 Méint drop eng nei Aarbecht fonnt. Dat geet aus der Äntwert vum Aarbechtsminister Marc Spautz op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierte Georges Engel a Mars Di Bartolomeo ervir.

Weider heescht et, datt vun de Leit, deenen hiert Recht op Chômagegeld tëscht 2022 a 2024 ausgelaf ass, nach een Drëttel bei der Adem ageschriwwe sinn. Iwwert déi lescht 4 Joer hunn tëscht 6 an 8% vun deene concernéierte Leit op de Revis zeréckgegraff, heescht et weider.

De Minister schreift dann och, datt Leit, déi kee Recht méi op Indemnitéiten hunn, besonnesch Opmierksamkeet vun de Beroder vun der ADEM kréichen, fir Mesuren ze fannen, fir weider e Revenu ze hunn, respektiv Reinsertiouns-Poste beim Staat, bei de Gemengen oder am associative Beräich ze fannen.

All Persoun, déi op d’mannst 12 Méint hei am Land geschafft huet, huet Recht op maximal 12 Méint Chômagegeld. Et verléiert een d’Recht drop, wann een d’Conditiounen net méi erfëllt oder eng appropriéiert Aarbechtsoffer oder Formatioun refuséiert.

Back to Top
CIM LOGO