De Bau vum neie Quartier op der Polvermillen ka viraussiichtlech d'nächst Joer ugoen, esouwäit och Keefer do sinn.

D'Sanéierungsaarbechte sinn nämlech quasi ofgeschloss. Déi éischt Wunnenge sollen "2029 fäerdeg sinn, mee net éischter", esou d’Muriel Sam, d’Cheffin vun Immobel Lëtzebuerg am RTL-Interview. De belsche Promotiounsgrupp huet zwee Architektebüroe mat de Pläng beoptraagt an déi éischt Demandë fir Bau-Geneemegunge sollen an den nächste Méint an der Stater Gemeng deposéiert ginn.

RTL

D’Polvermillen läit am Dall tëscht der Uelzecht, Bouneweg an dem Cents an um Wee tëscht dem Iergäertchen an dem Verluerekascht. D’Polvermillen ass mat knapp 400 Awunner de klengste Quartier vun der Stad. An enge 5 Joer soll d’Populatioun sech méi ewéi verduebelen.

RTL

Um fréieren Industriesite solle ronn 250 Wunnengen entstoen:17 Eefamilljenhaiser, 27 Lofts, eng ganz Rei Appartementer a Studioen an 10% vun deem Ganze bezuelbar, esou ewéi de fréiere Pacte Logement et 2016, zum Zäitpunkt wou de Projet duerch d’Gemeng an den Inneministère approuvéiert gouf, virgesinn huet. Donieft sinn 1.600 Meter Carré mixte fir Büroen a Geschäfter virgesinn. D’Muriel Sam seet, d’Polvermillen wier e Projet, fir deen een "e laangen Otem" brauch, well et e komplexe "Conversiounsprojet" ass.

RTL

Do wou viru 500 Joer scho Kuel fir Schéisspolver gemuel gouf, esou de Luxembourg Tourist Office, koumen zanter dem 19. Joerhonnert eng Duchfabréck, eng Wiewerei, eng Botzerei. Dowéinst huet de Site missen depolluéiert, also gebotzt, ginn. Ëmmer nees gouf et Bedenke wéinst der Pollutioun, ze lescht 2020 ewéi e Stuerm war. De leschte Besëtzer vun engem Betrib um Site war esouguer verurteelt ginn
 
Reschtbelaaschtungen, mee kee Problem wann...
 
Immobel huet direkt am Ufank vum Projet Kontakt mat de Riverainen opgeholl, esou d’Muriel Sam. Si seet, de Site géing duerch d’Sanéierungsaarbechten an d’Renaturéierung ebe grad besser, "eng Plus-value", fir jidderee ginn. Et wier och méi roueg ginn. D’Sanéierungsaarbechten, déi vun Immobel gedroe goufen, wiere bal ofgeschloss.
 
D’Ëmweltverwaltung huet ons dat op Nofro hi confirméiert, datt "d’Sanéierungsaarbechte per Buedemexkavatioun" ofgeschloss sinn. Allerdéngs weist d’Verwaltung drop hin, datt do, wou d’Wäscherei stoung, "Reschtbelaaschtungen" festgestallt goufen, déi spezifesch Oplage beim Amenagement vum Site viraussetzen. Esou soll zum Beispill eng méi dicht Tounschicht, mat där d’Sanéierungsgrouf ofgedeckt gouf, intakt bleiwen. Et wier awer bewise ginn, datt wann all d’Oplage respektéiert ginn, "kee Problem fir d’Nonotzer" do wier.

RTL

Wärend enger "laanger Period" géing dann de "Waassermonitoring" weiderlafen, esou d’Ëmweltverwaltung weider. Eng Evaluatioun stéing nach aus, mee géing am Laf vun den nächste 6 Méint virleien: "wann et do keen neie Moment gëtt, ka mam Amenagement ugefaange ginn".
 
"E Chantier ass e Chantier"
 
Iert d’Baggeren erëm fueren, dauert et nach puer Méint. D’Architektebüroen zeechnen souwisou nach déi definitiv Pläng. Déi éischt Autorisatioune ginn an den nächste Méint bei der Gemeng ugefrot, esou d’Muriel Sam. Bis Enn des Joers soll och d’Bréck an der Polvermillen vun der Stad Lëtzebuerg méi breet gemaach ginn, eng weider Viraussetzung, fir datt d’Bauaarbechte kënnen ufänken.

RTL

Et kann een also dovunner ausgoen, datt déi am Fréijoer d’nächst Joer uginn, an da wäert et an der Polvermillen nees méi Kaméidi ginn. "E Chantier ass e Chantier", gëtt d’Muriel Sam zou. Ma et géing alles gemaach ginn, fir datt en esou wéineg stéiert ewéi méiglech. E Virdeel wier: Op 3 Säiten huet den neie Quartier keng Noperen.

Fir Immobel géing den neie Quartier eemoleg ginn. Och wann een d’Fligeren zimmlech haart héiert, esou gëtt aus der fréierer industrieller Polvermillen e grénge Quartier. Engersäits hätt een déi grouss Beem an de Floss, an anerersäits géing een den industrielle Patrimoine preservéieren. Et géingen hei "Lofts" entstoen, ewéi een der dem Muriel Sam no hei am Land bal keng fënnt. Et wier een an der Natur, mee och a 5 Minutten am Zentrum vun der Haaptstad.
 
Verkafsstrategie nach net decidéiert
 
D’Präisser sinn nach net bekannt. D’Muriel Sam seet awer, datt de Projet Polvermillen effektiv laang dauert an deier kascht. Déi vill Contrainten an Oplage bei der Entwécklung vum neie Quartier an der Polvermillen wäerte sech wuel an de Präisser erëmspigelen.

Net virun engem Joer géing een ufänke Bienen an d’Vente ze setzen. Obwuel den Invest an de Steen zanter der Hausse vun den Zënsen agebrach ass, weist sech de belsche Promoteur optimistesch: et géing een am Prinzip d’Bienen haaptsächlech als Vefa – ventes en l’état de futur achèvement - a mat garantie d’achèvement verkafen (also iert se fäerdeg gebaut sinn).

Dat kéint awer bedeiten, datt Wunnengen eréischt gebaut ginn, wann et en Acquereur gëtt. Immobel seet awer och, datt en Deel vun de Wunnengen eréischt verkaf ginn, wa se gebaut sinn. Déi genee Verkafsstrategie géing nach "de moment venu" fir déi eenzel Bienen decidéiert ginn.