Buedem verseucht: Entrepreneur zu 10.000 € veruerteelt

Wéinst 3 Infraktioune beschëllegt, mä just eemol veruerteelt. Een Entrepreneur koum deemno en Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht relativ gutt ewech.
Eng Geldstrof vun 10.000 € géint en Entrepreneur gesprach. De Mann war de leschte Proprietär vu Büroen op der Polvermillen, déi hie verlount hat an an deene virdrun eng Botzfirma war.Vu ronn 60 Employéen, déi an déi Büroe geplënnert waren, hunn no enger Zäit eng 30 driwwer geklot, si hätten de Kapp wéi, et wär hinnen dronken oder schlecht. Analysen hunn dunn erginn, dass de Buedem verseucht war. Den Entrepreneur wëll dat net gewosst hunn, an awer krut hien de Prozess gemaach.
Am Uerteel gouf just eng Infraktioun géint de Mann zréckbehalen, an zwar déi géint d'Gesetz iwwert d'Gestioun vun Offäll. „Coups et blessures involontaires“ a Verstéiss géint d'Commodo-Incommodo Prozedur goufen deemno net zeréck behalen.