Neie moderne Quartier soll an der Polvermillen entstoen
Lëtzebuerg brauch onbedéngt méi Wunnengen. De Projet Polvermillen soll e Modell-Charakter kréien.
Am Kontext vum neie PAG gouf erkläert, dass d'Haaptstad fir d'éischt emol soll banne gefëllt ginn, dat heescht déi fräi Plazen déi kënne bebaut ginn, ginn entwéckelt, de Perimeter gëtt net méi grouss. Ee vun deene ganz raren eidele Site fënnt een op der Polvermillen; do wou an der Zäit Fabriken etabléiert waren, soll eng Zort Modell-Quartier entstoen.
De Promoteur geréit regelrecht an d'Schwäermen, wann e beschreift, wat hei wäert geschaf ginn. Sécher, alles anescht wier, wat seng Carrière ugeet, kontraproduktiv – mee: et steet een hei awer wierklech virun engem ganz spezielle Site, schonn eleng well een an der Stad, seele nach wierklech authenteschen Industrie-Hale begéint ... an déi bleiwe stoen, dëst wär eng vun den Oplage gewiescht, seet d'Sonja Gengler, Chef-Architektin vun der Stad Lëtzebuerg. Bei der Entwécklung vum Projet wär dann och mat de staatlechen Instanzen zesummegeschafft ginn. Ënner anerem mat Service "Sites et monuments" hätt ee gekuckt wat fir Deeler hätte mussen erhale bleiwen. Déi industriell Elementer géifen dann natierlech och am neie Projet mat agebaut ginn.
Industrie, egal ob vun haut oder vu fréier, heescht awer direkt och ëmmer Knascht, Chimie oder Gëft am Buedem; och hei op der Polvermillen muss gebotzt ginn, d'Assainissementsaarbechte lafe schonn a wuel nach 7 Méint laang; et hätt een während iwwer 2 Joer alles ënnert d'Lupp geholl, Analyse gemaach, zesumme mat Luxcontrol an dem Ëmweltministère genee gekuckt, wat wou ass, a muss verschwannen, präziséiert den Olivier Bastin. De Promoteur krut elo am Juli déi lescht Direktive wat d'remise en état vun der Industrie-Friche ugeet. Bei 80% vum Site géif et sech ëm klassesch Verschmotzung handelen an dee géif dann och iwwert den normale Wee traitéiert ginn.
Zwou ganz kleng Bürosunitéite vun all Kéiers 800 m2 kéimen hei hinner, der Rescht alles Logement; vun allem wier herno do, vu klenge Studioe bis bei Appartementer am alen Härenhaus – da war scho mol squattéiert, schéngt awer elo besser Zäite vru sech ze hunn. Et wär kloer, datt e Maximum u Logementer soll geschafe ginn, vu datt e gréissere Mangel an der Stad wär, esou d'Sonja Gengler.
D'Mobilité douce wier en anert Argument, dat aus der Polvermillen eng Zort Modell-Quartier géing maachen, d'Vëlospiste dobäi, och zu Fouss wier een huerteg an der Stad an op der Gare.
210 Logementer sollen um Enn hei stoen, sou ongeféier an 3 Joer. Dat Neit géif sech, mat maximal 3 Stäck, och harmonesch integréieren, an dat wat scho laang do steet, laanscht de Biisserwee.