Neie Quartier op der Polvermillen fir 500 Leit?
De Stater Bebauungsplang soll an deem Sënn ëmgeännert ginn, dass en Industriegebitt op der Polvermillen an e Wunngebitt ëmklasséiert gëtt.
Bis zu 500 Persoune kéinte matzen an der Stad eng nei Wunneng kréien. Et ass e Site mat enger laanger Industriegeschicht.
Et ass e Site mat enger laanger Industriegeschicht. Op der Polvermillen stoungen eng Duchfabrik, eng Wiewerei, eng Botzerei.
Haut ass nach e Betrib iwwreg bliwwen. Secalt. E Betrib, deen op Steeë spezialiséiert ass. Haut schaffen nach 50 Mann Personal bei Secalt. Allerdéngs nëmme méi am administrative Beräich.
Mä dëse Site soll nei genotzt ginn.
Déi aktuell Proprietäre wëlle Wunnenge realiséieren. Bis zu 270 Unitéite si geplangt. Eng 500 Awunner kéinten op der Polvermillen eng nei Heemecht fannen. Seet den Patrick Goldschmidt, de Bauschäffe vun der Stad Lëtzebuerg.
Op annerhallwen Hektar Land ka gebaut ginn.
Mir schwätze vun iwwert 25 000 Meter Carré Surface, an dat matzen an der Stad.
An 3 bis 4 Joer kéint neit Liewen an den Quartier vun der Polvermillen kommen.
Bis et esouwäit ass, muss den Terrain nach sanéiert ginn.
Flashback
Am Januar 2004 befaasst sech de Marc Thoma an der Emissioun Nol op de Kapp mat der Pollutioun um Site, wou fréier eng Botzerei stoung.
Déi ass bis 2001 aktiv. Geet dono a Faillite an hannerléisst Ëmweltschied. D’Gebaier ginn trotzdem verlount. D’Leit, déi do schaffen, gi krank.
De Comble: d’Botzerei hat ouni Kommodo geschafft. Dat heescht an der Illegalitéit. Den Dossier kritt juristesch Suitten, mä d’Gebaier vun der Botzerei bleiwe stoen. A sanéiert ass bis haut nach net ginn. Dat muss elo geschéien.
Eréischt da kann drop gebaut ginn. D’Rechnung vun de Sanéierungsaarbechte soll net vun der Allgemengheet bezuelt ginn.
Hei gëllt den Prinzip “Pollueur-payeur”, seet de Bauschäffe vun der Stad Lëtzebuerg. De Proprietaire vun der Botzerei muss am Prinzip d’Onkäschten droen.