Chauffer mat 178 Stonnekilometer op der A13 ënnerwee

E Mëttwoch den Owend war e Chauffer op der Collectrice ënnerwee, dee wuel presséiert war.
Dëse gouf géint 18.55 Auer op der Héicht vu Suessem mat 178 Stonnekilometer geblëtzt. Well hei maximal 110 Stonnekilometer erlaabt sinn, huet hien de Fürerschäi missen ofginn.
Iwwerdeems huet d'Police eng Partie Fürerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn.
E Mëttwoch den Owend ass zu Steesel e Gefier an e Potto gerannt an duerno an Direktioun Hënsdref weidergefuer. Eng Patrull konnt de Chauffer schliisslech stoppen.
Och um Mëttwochowend krut d'Police dann e Chauffer am Rond-point zu Schëffleng gemellt, dee méiglecherweis alkoholiséiert wier. D'Beamte konnten de Mann schliisslech an engem Café an der Géigend untreffen. Dësen huet Unzeeche vun Alkoholkonsum gewisen, huet awer refuséiert, en Alkoholtest ze maachen. Doropshi gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat. De Mann huet sech wärend der Interaktioun mat de Beamte ganz onkooperativ gewisen. Hie koum no enger medezinescher Kontroll an den Arrest.
En Donneschdeg an der Nuecht war dann e Chauffer op der A4 a Schlaangelinnen ënnerwee an an der Areler Strooss zu Stroossen gouf e Gefier mat 72 amplaz vun de maximal erlaabte 50 Stonnekilometer geblëtzt. Béid Kéiere war Alkohol am Spill an de Fürerschäi gouf agezunn.
Och bei engem Accident, bei deem sech um CR119 en Auto iwwerschloen hat, war de Chauffer alkoholiséiert. Hie gouf liicht blesséiert.