
Eng Persoun gouf hei blesséiert. Nieft dem Samu an der Ambulanz aus der Stad waren d’Pompjeeë vun Nidderaanwen a Luerenzweiler op der Plaz.
Donieft huet et op zwou Plazen am Land gebrannt. Géint 17.50 Auer e Mëttwoch den Owend huet zu Jonglënster eng Multi-Prise gebrannt a kuerz no 2 Auer en Donneschdeg war et an der Stad eng Poubelle. Béid Kéiere blouf et beim Materialschued.