Vill ze dinn hat d'Police och e Samschdeg an an der Nuecht. Et goufe Kläppereien a géint d'Nuetsrou verstouss, nieft Abréch an Trickdéiwen.

No 50 änlechen Asätz an der Nuecht op e Samschdeg, huet d'Police och dës Nuecht missen ausrécken, ganzer 60 Mol. Dacks war ze vill Alkohol de Grond, wisou sech de Batti gestallt gouf. Ma och hei hat sech d'Situatioun meeschtens scho gekläert, ier d'Beamten ukoumen.

Zu Maacher, wou de Weekend d'Wäifest war, hate sech an de fréie Moiesstonnen eng Rei Leit an de Hoer. Fir d'éischt gouf sech verbal gefetzt, dono koum et zu Handgräiflechkeeten. Ee Mann huet engem aneren dobäi  eng Fläsch un de Kapp geschoss. Dëse koum verwonnt an d'Spidol. Deen anere bedeelegte Mann huet misse vun der Police gesicht ginn. Och hien hat sech am Sträit blesséiert a koum an d'Klinik.

Um Houwald gouf dann och nach een alkoholiséierte Mann gemellt, deen an engem Park géif randaléieren a Foussgänger belästegen. Eng Patrull ass kucke gefuer an huet de Mann och ugetraff. Dëse war immens onkooperativ an huet missen immobiliséiert ginn. Well hien eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, gouf decidéiert, hien an Arrest ze setzen. Donieft gouf et nach e Protokoll wéinst Beamtebeleidegung.

Affer vun 3 Männer ugedanzt a beklaut ginn

An der Nuecht gouf eng Persoun duerch en Trick beklaut. Geschitt ass dat Ganzt an der Stad an der Rue du Fort Neipperg. E Mann gouf do vun dräi Männer ugedanzt, déi dat ausgenotzt hunn, fir him den Handy ze klauen.

 Partie Abréch an de leschte Stonnen 

Zu Stroossen goufen, wéi d'Police schreift, e Samschdeg am Nomëtteg Aueren a Poschen aus engem Eefamilljenhaus geklaut. Bei engem weideren Abroch zu Veianen hunn d'Abriecher an der Nuecht op e Sonndeg ënner anerem Bijouen geklaut, ier se sech fort gemaach hunn.

A béide Fäll gouf d'Spueresécherung op d'Plaz geschéckt an d'Ermëttlunge lafen.