Mann beklaut an der Stad, Permise fort wéinst Alkohol, Abréch zu Aassel an Esch

© RTL Archivbild
Wéi d'Police mellt, koum et queesch duerch d'Land zu verschiddene Virfäll, wou si hu missen agräifen.
En Dënschdeg den Owend hat e Mann an der Rue Charles Darwin zu Gaasperech Suen op engem Bankomat opgehuewen. Kuerz drop gouf hie vun engem Onbekannten op d'Säit gestouss, deen d'Suen agestach huet a geflücht ass. Eng direkt lancéiert Sichaktioun war negativ, d'Ermëttlunge lafen.
E puer alkoholiséiert Chauffere gepëtzt
Zu Capellen gouf e Chauffer gemellt, dee mat sengem Gefier am Zickzack ënnerwee a Richtung Ollem/Kielen wier an e Potto ze pake krut. Eng Policepatrull huet de Mann kuerz drop gestoppt. Den Otemtest war positiv an hie krut e provisoresche Fuerverbuet.
Méi spéit an der Nuecht, géint 1 Auer gouf nach e Won zu Téiteng gemellt. Och dëse war am Zickzack ënnerwee a gouf vun der Police gestoppt. En Alkoholtest huet ugeschloen an de Fürerschäi war dono fort.
Abréch zu Aassel an Esch
An de leschte Stonne krut d'Police dann och nees e puer Abréch gemellt, sou zum Beispill en Dënschdeg am Nomëtteg an en Eefamilljenhaus zu Aassel. Hei hate sech d'Täter en Zougang verschaaft an e puer Raim duerchsicht an hu sech mat e puer Bijouen dovugemaach.
E weideren Abroch gouf et nach an en Haus an der Rue Dominique-Joseph Hoferlin zu Esch. Och hei goufen e puer Raim duerchsicht.
A béide Fäll goufen d'Ermëttlunge lancéiert.