Play-Off an der Nations LeagueZwee gutt Spillzich ginn duer, Lëtzebuerg setzt sech mat 2:0 op Malta duerch

Steven Milbert
En Donneschdeg stoung fir d'Rout Léiwen den Allersmatch am Nations-League-Play-Off géint Malta um Programm. Dobäi ass et ëm de Maintien am Grupp C gaangen.
© Sportspress/Roland Miny

No engem chancenaarme Match ka sech Lëtzebuerg duerch zwee gutt Spillzich um Enn mat 2:0 op Malta behaapten. An engem Match, an deem béid Formatiounen op engem beschaulechen Niveau Futtball gespillt hunn, haten d’Lëtzebuerger déi néideg Reussite op hirer Säit, soudatt si sech, dank de Goler vun Thill an Olesen, an eng gutt Ausgangspositioun fir de Réckmatch spille konnten, deen en Dënschdeg um 18 Auer am Stade de Luxembourg ugepaff wäert ginn.

Am anere Match an den Nations-League-Play-Offs konnt sech Lettland géint Gibraltar behaapten. Hei stoung no 90 Minutten eng 1:0-Victoire fir de Gaascht um Spillbou. Deemno huet Lettland hei déi besser Ausgangspositioun fir de Réckmatch.

D’Reaktioune vun de Lëtzebuerger nom Match

D'Reaktioune vun de Lëtzebuerger nom Match
Lauschtert eran, wéi d’Rout Léiwen de Match wouergeholl hunn.
D'Goler vum Match tëscht Malta a Lëtzebuerg
Um Enn setzt sech Lëtzebuerg mat 2:0 géint Malta duerch, dëst duerch Goler vun Thill an Olesen.

De Resumé vum Match

Malta - Lëtzebuerg 0:2
0:1 V. Thill (47'), 0:2 Olesen (90'+3)

Déi bescht Zeenen aus dem Match Malta géint Lëtzebuerg
An engem spilleresch schwaache Match kruten d’Spectateuren net vill Chancen ze gesinn.

D’Spectateure kruten zu Malta eng verhalen Ufanksphas vu béide Formatioune gebueden. Spilleresch huet sech net vill um Terrain gedoen, soudatt Chancë rar geseent waren. Et waren awer d’Lëtzebuerger, déi déi éischt Akzenter am Stuerm setze sollten. Esou konnt den Dardari an der 6. Minutt, no engem mësslongene Fräistouss vun de Malteeser, eleng a Richtung géigneresche Gol lafen. Allerdéngs war dem Lëtzebuerger säi Wee ze wäit, soudatt dësen vun de Géigespiller ageholl an nach virun engem Ofschloss gestoppt konnt ginn. Doropshin huet sech net méi vill um Terrain gedoen. An der 17. Minutt sollt de Sinani nach e Fräistouss op den zweete Potto bréngen, deen och gutt an de Strofraum ofgeluecht gouf, mä d’Malteeser konnten dëse Ball ouni gréisser Problemer klären. Just an der 26. Minutt sollten d’Lëtzebuerger nach eng Kéier am Strofraum vun de Malteeser opdauchen. No enger schéiner Une-Deux tëscht dem Barreiro an dem Thill, ass de Profi vu Waldhof Mannheim zum Ofschloss komm. De Vincent Thill huet mat sengem gezierkelte Schoss allerdéngs knapps de Gol verfeelt, soudatt de malteesesche Golkipp net huet missen agräifen. D’Gäscht sinn dogéint réischt an der 29. Minutt fir déi éischte Kéier geféierlech ginn, mä de Guillaumier sollt bei sengem Schoss de Ball net richteg treffen, soudatt dësen de Moris am Lëtzebuerger Gol viru keng gréisser Problemer gestallt huet. An der Nospillzäit sollt dunn bal aus dem Näischt de Gol fir d’Lokalekipp falen. Dëst nodeems de Jans eng Flank vum Chouaref bal am eegene Gol ënnerbruecht hat. An dëser Situatioun haten d’Lëtzebuerger deemno Chance, datt de Lëtzebuerger Kapitän just de Potto getraff huet. An engem spilleresch schwaache Match ass et deemno mat engem 0:0 an d’Kabinne gaangen. Fir béid Formatioune war awer nach däitlech Loft no uewen, soudatt een op déi zweet Hallschent gespaant konnt sinn.

© Sportspress/Roland Miny

An dës huet och mat enger anerer Vitess ugefaangen. Hat an der 46. Minutt den Mbong fir Malta eng gutt Occasioun op der Schlapp léien, esou sollt et eng Minutt drop op der anerer Säit am Gol rabbelen: De Bohnert huet an de Strofraum geflankt, wou den Thill op de Ball gelauert huet. Per Grätsch sollt de Lëtzebuerger Spiller de Ball dunn am Gol ënnerbréngen, soudatt dëse sech fir seng engagéiert Prestatioun beloune konnt. Nom Géigegol huet Malta probéiert, fir offensiv méi aktiv ze ginn. Eppes Nennenswäertes sollt dobäi awer net raussprangen, soudatt de Match viru sech higeplätschert ass. An der 69. Minutt gouf et e batteren Ament fir d’Lëtzebuerger. Dëst well de Moris huet, opgrond vun enger Verletzung, ausgewiesselt misse ginn. Malta huet wuel probéiert, fir sech Chancen ze kreéieren, mä e geféierleche Schoss a Richtung Lëtzebuerger Gol konnten d’Männer vun der Insel net lassloossen. Vun de Lëtzebuerger war allerdéngs och net méi vill ze gesinn. An der Defense stoungen d’Rout Léiwen iwwert wäit Strecke vun der zweeter Hallschent stabil, soudatt si net vill ubrenne gelooss hunn, mä am Stuerm konnte si sech och keng gutt Chancë méi rausspillen. Esou huet et dacks un der Prezisioun oder um leschten absolutte Wëlle gefeelt. Kuerz virun der Nospillzäit haten d’Malteeser nach eng gutt Méiglechkeet, fir den Ausgläich ze markéieren. Allerdéngs huet de Buhalgiar de Ball, dräi Meter eleng virum Gol, no enger flaacher Flank net getraff, soudatt et beim 1:0 fir d’Rout Léiwe bliwwen ass. Dëst huet sech kuerz drop op en Néits gerächt. An der 93. Minutt huet sech den Olesen en Häerz gefaasst an huet probéiert, e Corner direkt am Gol ënnerzebréngen, wat dem jonken Nationalspiller och gelongen ass. No dësem Konschtstéck stoung et deemno 2:0 fir d’Léiwen a mat dësem Score sollt de Match dunn och ofgepaff ginn.

D’Resultat vum anere Play-Off

Gibraltar - Lettland 0:1
0:1 Gutkovskis (63', Eelefmeter)

D’Resultater vun der Nations League

Déi komplett Resultater, d’Tabellen an d’Statistike fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO