RTL-Informatioune confirméiertPaulette Lenert interesséiert un engem Posten am Staatsrot

RTL Lëtzebuerg
Eng Info aus der nationaler Politik: d'LSAP-Politikerin a fréier Gesondheetsministesch Paulette Lenert ass interesséiert un engem Posten am Staatsrot. Déi RTL-Informatiounen huet si op Nofro hi confirméiert.
© RTL

Ee vun den 21 Posten am Staatsrot ass rezent fräi ginn, wéi den Yves Wagener aus perséinleche Grënn demissionéiert huet. Hie war vun deene Gréngen nominéiert ginn. Dëse Poste wier par conter elo fir d’Sozialisten, well si mat just dräi Vertrieder am héije Gremium ënnerrepresentéiert sinn.

Bis elo ass d’Paulette Lenert déi eenzeg LSAP-Vertriederin, déi Intressi ugemellt huet. D’Juristin seet, et wier wichteg och elo mol de Profil vum Posten ofzewaarden. Dee soll um Freideg definéiert ginn. Theoreetesch kéinte sech och nach aner LSAP-Membere mellen.

De Generalrot vun der Partei decidéiert, wien en nominéiert, an duerno gëtt an der Chamber iwwert déi Nominatioun ofgestëmmt.

D’Paulette Lenert ass nach ëmmer eng vun de populäerste Politikerinnen am Land – Plaz 2 am Politmonitor. Sollt de Choix op si falen, géif hir Plaz an der Chamber fräi ginn. Nächstgewielten am Osten ass de Ben Streff, de fréieren LSAP-Parteimanager, dee Mëtt Januar demissionéiert hat.

Back to Top
CIM LOGO