En Drëttel vun de Pensionéierten an de Spezialregimmer, ë.a. Beamten an Employéeë vu Staat a Gemengen, kritt eng Pensioun vun iwwer 8.000 €/Mount.

Pensiounen: D'Ënnerscheeder tëscht Beamten a Salariéeën / Michèle Sinner

"Firwat muss d’Allgemengheet fir déi héich Pensiounen opkommen?", hat den UEL-President Michel Reckinger iwwert d’Beamte-Pensiounen gesot. Dat wier eng Fro vun der Gerechtegkeet, och wann elo mol iwwert de Regime général géing diskutéiert ginn, also d’Salariéeën an hir Pensiounskeess Cnap.

Och dës Ausso hat bei eisen Internaute vill Reaktiounen ausgeléist – souwuel an déi eng, wéi déi aner Richtung. 
Tatsächlech kritt iwwert en Drëttel vun de Pensionéierten an de Spezialregimmer, dorënner falen d’Beamten an Employéeë vu Staat a Gemengen, mee och d’Agents statutaires vun der CFL, eng Pensioun vun iwwer 8.000 Euro de Mount. Am Régime général, kréie just 0,6 Prozent vun de pensionéierte Salariéeën esou eng héich Pensioun*. Dat sinn d’Zuele vun der IGSS.

RTL

Dobäi goufe d’fënnef Sechstel Pensiounen an der Fonction publique mat der Reform vu 1999 ofgeschaaft. Virdru kruten d’Beamten eng Pensioun, déi fënnef Sechstel vun hirer leschter Pai entsprach huet  - an déi ass um Enn vun der Karriär meeschtens am Héchsten. Mat der Reform vun 1999 gouf awer fir déi Leit, déi no 1998 an der Fonction publique ugefaangen hunn, de Spezialregimm geschaaft, fir si gëlle genee déi nämmlecht Reegelen, fir d’Berechnung vun der Pensioun, wéi fir d’Salariéeën.

Fir déi, déi scho virun der Reform an der Fonction publique geschafft hunn, gouf en Iwwergangsregimm geschaaft. Fir si gëtt et och net méi d’office eng fënnef Sechstel Pensioun. Ma wann dës Beamten an Employéeë méi laang schaffe ginn, kënne si hiren Taux de remplaçement unhiewen, bis op maximal eng fënnef Sechstel Pensioun.

Sou erkläert sech och, firwat et esou immens grouss Ecarte gëtt, obwuel am Spezialregimm déi nämmlecht Reegele gëllen: Déi Pensiounen, déi de Moment ausbezuelt ginn, sinn haaptsächlech där aus dem Iwwergangsregimm. Den Alain Wiltzius, vum Ministère fir d’Fonction publique, dee Pensioune vun de Staatsbeamten ausbezilt, seet vun den iwwer 13.000 Pensiounen, déi vun do eraus ginn, wieren der manner ewéi sechs Prozent, déi ënnert d’Dispositioune vum Spezialregimm falen. Et ass ganz einfach esou: Déijéineg, déi ënner déi manner favorabel Dispositiounen am Spezialregimm falen, schaffen nach. D’Reform wierkt an d’Zukunft, well et bis elo politesche Konsens war, datt kee seng Pensiounsrechter, déi e schonn "ugespuert huet" ewechgeholl kritt.

Wann dës Generatioune vu Beamte bis an d’Pensioun ginn, wäert den Ecart zum Régime général erofgoen. Allerdéngs wäerten och dann d’Pensioune vun de Beamte méi héich bleiwen, well si einfach iwwert hir Karriär gekuckt méi verdéngen, also och méi cotiséieren.

D’lescht Joer hunn déi iwwert 220.000 Pensiounen am Régime général d’Cnap ronn 6,4 Milliarden Euro kascht. Déi 21.000 Pensiounen aus de Spezialregimmer hunn den Informatiounen no, déi mir vun der CFL, der Gemengebeamten an der Employéeskeess CPFEC an dem Ministär vun der Fonction publique hunn, zesumme ronn 1,6 Milliarden Euro kascht.

RTL

Bei der leschter Pensiounsreform vum Régime général 2012, gouf d’Ännerungen 1:1 op de Régime spécial iwwerdroen. Op Nofro hin, huet d’Sozialversécherungsministerin dorop verwisen, mä wollt sech net äusseren, ob dat bei zukünftege Reformen och esou wäert sinn.

*Aus enger éischter Versioun vum Artikel ass net kloer ervirgaangen, dass et ëm d'Héicht vun de Pensioune geet.