E Méindeg de Moien hu mer mam President vun der UEL an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" iwwert de de Pensiounssystem geschwat.

Keng Pensiounen ouni Cotisatiounen. Dat seet d’Patronat en vue vun der grousser Rentendiskussioun, déi elo am Oktober vun der Ministesch fir d’Securité sociale Martine Deprez lancéiert gëtt. De President vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises, kuerz UEL, Michel Reckinger war an deem Kontext eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Reserve vun der Pensiounskeess ginn net méi duer. National an international Experte si sech eens: vun 2027 u gi mer méi aus, wéi mer erakréien. Vun ongeféier 2040 u sinn d’Reserven dann opgebraucht. D’Patronat wëll, dass direkt agéiert gëtt, an dass virop bei den Depensen ugesat gëtt.

Am Avis vum CES, dem Wirtschafts- a Sozialrot, deen am Juli publizéiert gouf, huet sech schonn erausgeschielt, dass d’Patronat an d’Salariat an der Fro, wat mat der Pensiounskeess soll geschéien, net enger Meenung sinn. Et goufen nämlech carrement zwee verschidden Avisen, well ee sech net op een gemeinsame konnt eenegen. 
 
Cotisatiounshausse wiere fundamental ongerecht

Fir um Pensiounsregimm eppes z’änneren, kann een am Prinzip un zwou grousse Schrauwen dréinen. Entweder d'Depense kierzen oder d’Cotisatiounen erhéijen. Dogéint wiert sech d’Patronat allerdéngs. Cotisatiounshaussë wiere fundamental ongerecht an der Generatiounegerechtegkeet. Cru gesot, géing een domat soen: “Déi Jonk solle bezuelen, fir dass déi Al näischt mussen ofginn,” sou de Michel Reckinger. Et wier och schlecht fir de Salarié, dee schlussendlech manner Netto vum Brutto kréich an och dat géing generell der Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg schueden.

Studentejoren net aus der Pensiounskeess bezuelen

An den Ae vum Patronat misst also no den Depense gekuckt ginn. Keng Pensioun ouni Cotisatioun. Mir géingen aktuell an engem System schaffen, wou vill Leit duerno eppes géinge kréien, fir dat se awer ni eppes abezuelt hunn. Konkret wieren dat d’Studentejoren, d’Babyjoren an de Chômage. Haut géing ee bis den Alter vu 27 d'Studentejoren ugerechent kréien, wärend anerer scho schaffe ginn an och wierklech abezuelen.

Dat wier ongerecht fir déi, déi net studéiere ginn. Dat wier nach eng Mesure aus de 70er Joren, wéi et net vill Studente gouf a mat där d’Leit sollten doduerch encouragéiert ginn. Haut wier et ëmgedréint. Et géinge vill méi Jonker ginn, déi studéiere ginn, ewéi där Anerer.

Natierlech wier een net géint d’Urechne vu Babyjoren oder Chômagejoren, mä se dierften net aus der Pensiounskeess bezuelt ginn, mä vum Familljen- oder Aarbechtsministère, déi esou Mesurë wéilten, seet de Michel Reckinger

Brauche mir sou héich Pensiounen?

D’Mindestrent fir eng Persoun, déi 40 Joer laang kotiséiert huet, läit hei am Land bei 2.244,82 Euro. D’Héchstrent läit dogéint bei 10.392,67 Euro. Natierlech wéilt ee keng Hongerrenten hei am Land hunn, sou de President vun der UEL. Dofir géingen et och verschidden Aide ginn: Allocation de vie chère, Fonds de solidarité etc. Mä och bei den héije Rente misst ee sech froen, ob mer déi bräichten a wéi vill mer wéilten als déckste Pensioun ausbezuelen. Lëtzebuerg huet een Taux de remplacement vu 86. Dat heescht 86 Prozent vun der leschter Paie kritt een duerno als Pensioun. An der OECD wier d’Moyenne bei 61. Do wier also extrem vill Marge.

An dëser Rentendiskussioun misst een onbedéngt iwwer déi héich Pensioune beim Staat schwätzen. Et wier eng Fro vu Gerechtegkeet. Am Privatsecteur bezilt e Salarié 8 Prozent, de Patron 8 Prozent an de Staat 8 Prozent. Fir d’Staatsbeamte gëtt et keng eenzel Keess, si bezuelen hir 8 Prozent Cotisatiounen an de Rescht iwwerhëlt de Staat. Do géing sech d’Fro stellen, firwat d’Allgemengheet misst fir d’Pensioune vum Staat opkommen, sou de Michel Reckinger.

Invité vun der Redaktioun - Michel Reckinger

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.