Versécherunge bleiwe weider Sujet
En naasse Summer a Frascht Enn Abrëll. Normalerweis kee gutt Omen fir d’Uebstbaueren. Ma dëst Joer gesäit d’Recolte net schlecht aus.
Esou heescht et op engem Haff zu Lampech.
Mam Wieder goufen et fir d’Uebstbaueren dëst Joer eng Partie Erausfuerderungen, sou datt si hiert Kënne konnten ënner Beweis stellen. “D’Qualitéit aktuell bei den Äppel, Bieren a Quetschen ass gutt”, seet de Jean-Claude Muller vum Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin. Verschidden Äppelbeem géingen och dëst Joer bis zu 20 Kilo droen, och wann et e puer Schied duerch Frascht gi wieren. A gudde Jore wiere bis zu 25 Kilo méiglech.
Natierlech géingen déi eng oder aner Beem, jee no Zort, awer och just 10 bis 15 Kilo droen. "Dat ass awer och ëmmer nach e ganz schéinen Ertrag", mengt de Jean-Claude Muller. Schwankunge gesäit hien als normal un. Schliisslech géing ee mat der Natur schaffen.
An do sinn d’Erausfuerderunge besonnesch Wiederextremer. Dëst Joer ass dat zweet, wat extrem naass war. Virdrun hätt een awer op d’mannst 5 Joer gehat, déi extrem dréchen a waarm waren. "Mir musse Beem, respektiv Ënnerlage fannen, déi mat deenen zwou Situatioune ganz gutt eens ginn", sou de Jean Claude Muller.
D’Recolte um 21 Hektar groussen Haff zu Lampech ass den Ament grad voll amgaangen. Déi éischt Äppel goufe scho Mëtt August gepléckt. "Lo si mer amgaangen den Elstar, de Gala an de Wellant ze plécken. Mir hu 14 Äppelzorten, an d’Recolte geet bis Ugangs November", erkläert den Uebstbauer Nico Hoffmann. Mat der Recolte vun den Äppel ass och hie ganz zefridden. Bei de Biere géing et vill Fraschtschied ginn.
Versécherunge bleiwen en Thema
De Remboursement bei Schied duerch Versécherunge bleift och fir d’Politik e Sujet. "Mir hunn den Ament eng Assurance zu Lëtzebuerg, déi Mehrgefahren-Versécherung mécht. Mer si mat deenen a Verhandlung, mee do gesäit et relativ schlecht aus, dass se eppes wäerte maachen", ënnersträicht d’CSV-Landwirtschaftsministesch Martine Hansen. Fir Kärenuebst, also zum Beispill Äppel a Biere gëtt et dogéint eng Assurance. D’Konditioune wieren hei awer nach net wierklech optimal, dofir wéilt een nach eng Kéier diskutéieren. Ënner anerem iwwert d’Franchise, an de Fait, dass d’Äppel zum Beispill net kënnen zu 100 Prozent assuréiert ginn.
Beim Steenuebst, also Mirabelle a Quetschen, gouf et dëst Joer Frascht am spéide Fréijoer, sou dass et bei verschidde Kulture keen Ertrag gouf. "Dunn hu mer decidéiert, dass mer do géingen als Staat, als Landwirtschaftsministère asprangen, an eng Entschiedegung bezuelen", sou d’Martine Hansen. Fir dës Entschiedegung wäert d’Héicht vum Ertrag geschätzt ginn. Dofir muss awer fir d’éischt d’Recolte ofgeschloss ginn.