Weider huet d'ACEL d'Aarbecht mat der Héichschoulministesch begréisst a verschidde fir si wichteg Evenementer annoncéiert.

D‘Associatioun vun de Lëtzebuerger Studentencercelen huet op hirer Pressekonferenz fir déi akademesch Rentrée hir Fuerderung widderholl, dass d‘Studiejoren an der Berechnung vun der Pensioun och an Zukunft mat consideréiert ginn. D‘ACEL geet souguer méi wäit: am Kader vun enger méiglecher Reform vum Pensiounssystem kéint een d‘Alterslimitt vu 27 Joer bei der Modalitéit annuléieren. Den Aspekt vum Life Long Learning misst méi wichteg ginn. Wie méi spéit Etuden ufänkt, soll sech seng Joren och kënne bei der Pensioun urechnen loossen, fannen d‘Studenten.

Pressekonferenz a Fuerderunge vun der ACEL / Reportage Pierre Jans

Verschlechteren dierft sech hir Situatioun net, zemools si jo net méi eng héich Pensioun kriten, wann d‘Studiejoren ugerechent ginn. D‘Reegel, dass d‘Studentejore mat ugerechent ginn, wär deemools agefouert ginn, fir eng Ongerechtegkeet aus der Welt ze schafen, esou d‘ACEL. A se wär wichteg fir d‘Attraktivitéit vum Land, wou schonn haut qualifizéiert Personal – virop am Ingenieurswiesen an der Medezin – feele géing.

D‘ACEL begréisst awer, dass d‘Héichschoulministesch Stéphanie Obertin en oppent Ouer fir de Studenten hir Uleiessen hätt. Deemno hätt d‘Regierung am Sënn vun der ACEL decidéiert, dass d‘Studentebourse an Zukunft all Semester, an net méi just eemol d‘Joer, un den Index ugepasst gëtt. Och wat d‘Stagegesetz vun 2023 ugeet, hätt een am Austausch mat den zoustännege Ministèrë bei Onstëmmegkeete Léisunge fonnt, begréisst d‘ACEL.

D‘Associatioun vun de Studentencercele war am viregten akademesche Joer a 14 Lycéeë fir de Schülerinnen a Schüler all méiglech Informatioune ronderëm an iwwer d‘Studéieren ze ginn. An deem Esprit gouf och de Guide du Futur Etudiant ausgeschafft. Deen ass, nieft sëllegen anere Publikatiounen, schonn online um Site vun der ACEL disponibel. Et kritt een en awer och um Stand vun der ACEL op der Studentefoire de 24. a 25. Oktober um Belval.

A Propos Datumer: den Tournoi de Noël, bei deem d‘Cerclen an den Disziplinne Futtball, Volleyball a Basket géinteneen untrieden, ass vum 21. bis 23. Dezember um Campus Geesseknäppchen.
 
Studente brauchen u sech kee Grond fir ze feieren. Ma dëst Joer ginn et der. Souwuel d‘ACEL selwer ewéi och d‘REEL, also d‘Reunioun vun de Lëtzebuerger Studenten an Europa, kréie 40 Joer. Vum 19. bis den 22. September ass d‘REEL zu Köln. D‘ACEL feiert de 26. Oktober am European Convention Center um Kierchbierg hiren Anniversaire mat enger Séance académique, ma och engem Owesiessen. Fréier Studenten an där aktueller sinn invitéiert a kënne sech um Site vun der ACEL umellen. Fir d‘Ancienen ass d‘Entrée allerdéngs e bësse méi deier.